René Pottier

Vu Wikipedia
René Pottier
Gebuertsnumm René Édouard Pottier
Gebuer 6. Juni 1879
Moret-sur-Loing
Gestuerwen 25. Januar 1907
Levallois-Perret
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler

De René Pottier gebuer de 5. Juni 1879 zu Moret-sur-Loing, a gestuerwen de 25. Januar 1907 zu Levallois-Perret, war e franséische professionelle Vëlossportler.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien 1903 d'Amateurseditioun vu Bordeaux-Paräis gewonnen hat, gouf hie Profi. 1905 gouf hien Zweeten am Paris-Roubaix an am Bordeaux-Paräis, duerno 1906 Drëtten am Paris-Roubaix, fir an dem selwechte Joer déi véiert Editioun vum Tour de France ze gewannen.

Hie gëtt als den éischte Grimpeur am Tour consideréiert.

1905 war hien den Éischten iwwer d'Kopp vum Ballon d'Alsace gefuer, deen dat Joer den éischte Col war deen an engem Tour gefuer gouf. Hie gouf zwar an der Descente erëm agefaangen, konnt awer d'Generalklassement fir sech entscheeden, a krut de Maillot jaune. Den Dag duerno huet en opginn.

Dat Joer duerno huet hien den Tour gewonnen, an hat dobäi 5 Etappen an d'Täsch gestach. Obschonn hie seng Konkurenten an der Zäit wäit distanzéiert hat, war duerch de Punkteklassement seng Victoire um Tour laang onsécher.

De René Pottier huet sech de 25. Januar 1907 d'Liewe geholl. E puer Wochen duerno huet de Patron vum Tour den Henri Desgrange um Ballon d'Alsace e Monument opriichte gelooss, fir un hien z'erënneren.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1903[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Bordeaux-Prais fir Amateuren

1905[änneren | Quelltext änneren]

  • 2. am Paris-Roubaix
  • 2. am Bordeaux-Paräis

1906[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Tour de France a Gewënner vu 5 Etappen
  • 3. am Paris-Roubaix

Resultater um Tour de France[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: René Pottier – Biller, Videoen oder Audiodateien