reporter.lu

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

reporter.lu ass e Lëtzebuerger Online-Magazin deen 2017 gegrënnt gouf. D'Iddi vum Magazin ass fir sech gréisstendeels duerch Abonnementer ze finanzéieren, sou wéi dat franséischt Virbild Mediapart. De Magazin gouf mat Hëllef vun engem Crowdfunding-Projet vun zwéi fréiere Wort-Journalisten, dem Christoph Bumb an dem Laurence Bervard, gegrënnt. Si wëllen onofhängeg vu Parteien, Ideologien, finanziellen Intressie vun Aktionären oder vu Clientsannoncë schaffen. [1] Am Juli 2019 koum de Laurent Schmit als drëtte Sociétaire vun der Reporter Media S.à r.l.-S. dobäi.[2]

No engem Joer schaffe bei reporter.lu 6 Journalisten, an de Site soll knapps 2000 Abonenten hunn.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Unser Manifest." op reporter.lu.
  2. "Neuer Teilhaber bei Reporter Media." reporter.lu, 10. Juli 2019.
  3. Tweet um Twitter-Konto @100komma7, 02:33 - 1 mars 2019.