Repsold (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Repsold (Äerdmoundkrater)
De Moundkrater Repsold an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 51°18'36"N, 78°24'36"W
Duerchmiesser 108,65 km
Déift 1930 m[1]
Selenographesch Längt 80° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ03


Repsold ass en Aschlagkrater um baussenzegte westleche Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir heiansdo duerch d'Libratioun net vun der Äerd aus ze gesinn oder awer staark verzunn. Hie läit um westleche Rand vum Oceanus Procellarum, südëstlech vum Krater Volta an ëstlech vum Galvani. De westleche Rand gëtt vum Niewekrater Repsold G iwwerdeckt.

De Kraterbuedem ass ziemlech flaach, ofgesinn vun engem System vu Moundrillen, den Rimae Repsold. Déi prominentest vun de Rillen duerchzitt de Krater vum Nordosten Richtung Südwesten, verleeft schréi duerch d'Repsold G an ennt am Krater Galvani. Mat sengem Brochsystem gehéiert Repsold zum Typ vum Floor-fractured crater (Klasse V).

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 51,83° N, 76,94° W7 8 km [1]
B 53,07° N, 75,9° W7 45 km [2]
C 48,67° N, 73,7° W7 135 km [3]
G 50,55° N, 80,6° W7 44 km [4]
H 51,69° N, 81,45° W7 13 km [5]
N 49,04° N, 78,25° W7 15 km [6]
R 49,84° N, 72,37° W7 12 km [7]
S 47,75° N, 75,31° W7 9 km [8]
T 47,63° N, 79,92° W7 13 km [9]
V 50,79° N, 75,39° W7 7 km [10]
W 52,6° N, 79,83° W7 9 km [11]

De Krater gouf 1935 vun der IAU nom däitschen Erfinder Johann Georg Repsold genannt.

Rillesystem vum Rimae Repsold (Foto vum Lunar Orbiter 4)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.