Requiem (Mozart)

De Requiem a Ré mineur, K. 626, ass eng Requiem-Mass vum Wolfgang Amadeus Mozart (1756–1791). Hien huet Deeler dovun (méi oder manner zwéin Drëttel) 1791 kompoméiert, ma en ass de 5. Dezember dat Joer gestuerwen, ier en dermat fäerdeg war. 1792 huet de Franz Xaver Süssmayr dem Grof Franz von Walsegg eng vollstänneg Versioun ofgeliwwert, deen e fir e Requiem-Déngscht um 14. Februar 1792 bestallt hat, fir den éischten Doudesdag vu senger Fra Anna ze kommemoréieren.
Um Manuskript fënnt een déi vum Mozart geschriwwen orchestréiert Sätz vum Introit an detailléiert Passagë vum Kyrie, vun der Sequenz vum Dies irae a vun den éischten aacht Takte vum Lacrimosa a vum Offertorio. Et kann een haut net méi feststellen, wéiwäit de Süssmayr nach op weider Notitzem zeréckgräife kont; méi spéit huet hie beusprocht, selwer de Sanctus et Benedictus an den Agnus Dei geschriwwen ze hunn.
De Walsegg hat warschienlech ufanks wëlles, de Requiem als seng eege Kompositioun auszeginn, sou wéi hien et och alt soss scho gemaach hat. Doraus ass awer näischt ginn, well dem Mozart seng Wittfra Constanze et op engem ëffentleche Benefiz-Concert spille gelooss huet. Vun hir stamen och d'Geschichten, dass de Requiem eng Commande vun engem mysteriéisen Onbekannte soll gewiescht sinn, oder dass de Mozart a Viranung vu senem Doud e fir säin eegent Begriefnes geschriwwe gehat hätt.
Am 20. am 21. Joerhonnert sinn zum Süssmayr senger Versioun weider alternativ Ergänzungsversiounen zum Mozart senger Komponsitioun entstanen.
Instrumentéierung
[änneren | Quelltext änneren]De Requiem goug geschriwwe fir 2 Bass-Coren a fa, 2 Fagotten, 2 Trompetten a re, 3 Trombonnen (alto, tenor a bass), Timpano (2 Trommen), Geien, Viola, a Basso continuo (Cello, Duebelbass, an Uergel).
De Gesang besteet aus Soprano-, Contralto-, Tenor-, a Bass-Solisten an engem gemëschte Chouer.
Struktur
[änneren | Quelltext änneren]Dem Süssmayr seng Kompositioun deelt de Requiem an aacht Deeler.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Requiem (Mozart) – Biller, Videoen oder Audiodateien |