Reseauslängt
Als Reseauslängt (oder Längt vum Reseau) bezeechent een d'Längt vun engem Transportreseau. Se ka sech op verschidden Transportmëttel bezéien a kann – jee no Definitioun – op verschidde Manéieren ausgedréckt ginn, wéi zum Beispill d'Streckelängt, d'Linnelängt oder d'Gleislängt.
Streckelängt
[änneren | Quelltext änneren]D'Streckelängt ass d'Zomm vun de Längte vun alle Strecken, wéi zum Beispill vun den Eisebunnslinnen, de Fluchstrecken oder de Stroossentronçonen. Et ass deemno déi total Längt vun der Verkéiersinfrastruktur déi benotzt gëtt. All Streck gëtt nëmmen eemol gezielt, och wa se vu verschiddene Linne befuer gëtt oder wa se méi Spueren oder Gleiser huet.
Linnelängt
[änneren | Quelltext änneren]Am Linneverkéier gëtt d'Netzlängt och alt als Linnelängt uginn. Dëst ass d'Zomm vun der Längt vun alle Linnen an engem Verkéiersreseau. Strecken, déi vu verschiddene Linnen zesumme benotzt ginn, ginn dann e puer mol gezielt. D'Linnlelängt ass dofir ëmmer méi grouss oder d'selwecht wéi d'Streckelängt. Ausname si Reseaue mat ausgedeente Betribsstrecken oder net benotzte Strecken, déi theoretesch nach ëmmer zum Netz gehéieren, awer net méi vu Linne bedéngt ginn.
Gleislängt
[änneren | Quelltext änneren]Am Schinneverkéier gëtt d'Gleiserlängt och als Mooss fir d'Längt vum Reseau gebraucht; et ass deemno d'Längt vun alle Gleiser am Reseau. Eng zweegleiseg Streck huet also eng Gleislängt déi duebel esou héich wéi Streckelängt ass.
Rechebeispill
[änneren | Quelltext änneren]
En Tramsreseau vun enger klenger Stad huet zwou Linnen. Béid Linne fänken um Punkt A un a fueren zesummen op enger Streck vu 5 Kilometer bis op de Punkt B. Do deele sech d'Strecke vun den zwou Linnen; d'Linn 1 fiert nach 5 km bis op den Terminus um Punkt C, d'Linn 2 leeft och nach 5 km virun a kënnt um Punkt D un. Dat ganzt Netz ass duebelgleiseg, et gëtt zousätzlech nach eng eegleiseg Streck vun 1 km bis an den Depot.
- Streckelängt
5 km (A → B) + 5 km (B → C) + 5 km (B → D) ------- 15 km
- Linnelängt
10 km (A → B → C, Linn 1) + 10 km (A → B → D, Linn 2) ------- 20 km
- Gleislängt
10 km (A → B, jeeweils duebelgleiseg) + 10 km (B → C, jeeweils duebelgleiseg) + 10 km (B → D, jeeweils duebelgleiseg) + 1 km (Betribsgleis) ------- 31 km