Retinol

Vu Wikipedia
Vitaminn A
Strukturformel:

Wëssenschaftlechen Numm
Retinol
Cheemesch Formel
C20H30
Dagesbedarf
0,8 - 1 mg
Virkommen
Mëllechprodukter, Liewer
Muerten, Eegiel
Physikalesch Eegenschaften
Aggregatzoustand fest
Faarf /
Léislechkeet Fett
Dicht /
Molmass 286,46 g/mol
Schmëlzpunkt tëscht 62 a 64 °C
Siedepunkt tëscht 137 an 138 °C


Retinol oder Vitaminn A ass en essentielle Vitaminn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Vitaminn A gouf am Joer 1910 entdeckt, seng cheemesch Struktur gouf awer eréischt 1931 entschlësselt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A gëtt et a verschiddene Formen. Den Haaptvertrieder ass den Retinol, donieft gëtt et den Retinal, d'Retinsaier an de Vitaminn A Ester.

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A kënnt an Déiereprodukter wéi Fësch, Liewer, Mëllechprodukter an Eeër vir. D'Carotinoide fënnt ee virun allem a Planzeprodukter wéi Muerten, Brokkoli, Paprika, Aprikosen, Kiischten, Tomaten, Spinat (Päinetsch) a Péiterséilech vir, also a Planzen déi giel-rout-orange sinn.

Vitaminn A
Liewensmëttel Gehalt vum Vitaminn
(µ/100 g)
Liewer vum Schwein 39100
Liewer vum Kallef 21900
Liewer vum Rand 15300
Liewer vum Poulet 11600
Éil 980
Camembert 631
Botter 653
Nier vum Kallef 210

Aufgaben a Bedarf[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A brauch ee fir d'Funktioun an d'Deele vun den Zellen. Beaflosst gëtt de Wuesstem an d'Bildung vun der Haut, de Schläimhéit, dem Knorpeltissu, der Vue an d'Entwécklung vum Embryo. En ass ausserdeem zoustänneg fir d'Ofwier vu Krankheetserreeger a fir d'Produktioun vu Spermien.

Den Haaptspäicher fir de Vitaminn A ass d'Liewer. Vun do aus gëtt en dann iwwer d'Blutt zu den Zellen transportéiert. D'Carotinoiden (Planzefaarfstoffer) ginn am Dënndaarm zu Retinol gespléckt an iwwer d'Lymph transportéiert. Vitaminn A ass ausserdeem als Bestanddeel vun den an den Stäbchenzelle vun der Aanetzhaut virkommenden Photopigment Rhodopsin zoustänneg fir Dimmerliicht ze gesinn.

Den duerchschnëttlechen Dagesbedarf vu Vitaminn A ass 0,8 mg, deen een awer och a Form vu Carotin, dann awer 2 mg, kann zou sech huelen. Schwanger an nierend Fraen an och Jugendlecher sollen den Dagesbedarf e bessen erhéijen.

Vitaminn A reagéiert sensibel op d'Liicht, Sauerstoff an d'Hëtzt.

Manktem[änneren | Quelltext änneren]

E Manktem u Vitaminn A äussert sech haaptsächlech duerch Appetitverloscht, Wuesstumsstéierungen, Nuetsblannsinn, Infektiounsufällegkeet, Ofhuele vun der Séikraaft, héich Liichtempfindlechkeet, Hoerausfall an dréchen Haut a gëtt och Hypovitaminos genannt. E Manktem ass an de westlechen Industrielänner ganz rar, kann awer bei Veganer optrieden déi sech nëmme vu planzleche Liewensmëttel ernieren.

Iwwerdoséierung[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A kann een och iwwerdoséieren, well en am Géigesaz zu de waasserléisleche Vitaminnen net ausgescheet ka ginn. Dat gëtt Hypervitaminos genannt a kënnt eigentlech just bei enger reegelméisseger Zounam vu méi wéi 30 mg pro Dag vir. Unzeechen dofir si Kappwéi, Erbriechen, Schwindel, sech allgemeng schappeg fillen, Middegkeet, Hoerverloscht, dréchen Haut, Menstruationsproblemer, Liewervergréisserung a geschwolle Gelenker. Bei enger Schwangerschaft kann et souguer zur Mëssbildung vum Fötus féieren.