Richard Anschütz

Vu Wikipedia
Richard Anschütz
Gebuer 10. Mäerz 1852
Darmstadt
Gestuerwen 8. Januar 1937
Darmstadt
Nationalitéit Däitscht Räich
Educatioun Universitéit Bonn,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Chimist, Auteur, Jurist
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

De Carl Johann Philipp Noé Richard Anschütz, gebuer den 10. Mäerz 1852 zu Darmstadt, an och do gestuerwen den 8. Januar 1937 war en däitsche Cheemiker a Professer.

Hien huet Organesch Chimie op der Uni Bonn vun 1898 bis 1922 ënnerriicht wou hien de Friedrich August Kekulé von Stradonitz ofgeléist hat. Hien huet als Éischten Anthracène a Coumarine synthetiséiert, an huet och eng detailéiert Biographie vum Schott Archibald Scott Couper verëffentlecht.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet vun 1870 un Naturwëssenschaften, a besonnesch Chimie, zu Darmstadt, Heidelberg an Tübingen studéiert. 1874 huet hien zu Heidelberg promovéiert an ass d'Joer drop Assistent vum Kekulé ginn. 1884 gouf hie Professer fir organesch Chimie op der Universitéit Bonn. Nom Doud vum Kekulé am Joer 1896 gouf den Anschütz den 1. Abrëll 1898 säin Nofollger op der Uni Bonn.

Hie war Chef vum Cheemeschen Institut vun der Universitéit Bonn bis 1922.

De Richard Anschütz war de Papp vum Ludwig Anschütz (1889−1954).

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Malein-, Oxal- a Fumarsaier ware Substanzen, un deenen hie geschafft huet.

Aus der Maleinsaier huet hien als éischte Maleinsaierethylester synthetiséiert.

De Sevatian Tanatar hat duerch Oxydatioun vu Fumarsaier mat Kaliumpermanganat Dioxosaier gemaach. Den Anschütz mam Kekulé zesumme konnten noweisen datt dëse Stoff och Wäisaier ass. Herno konnt hie seng Resultater zesummefaassen an der Stereochimie vu Malein- a Fumarsaier.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Als Auteur[änneren | Quelltext änneren]

  • August Kekulé. Band 1: Leben und Wirken. Verlag Chemie, Berlin 1929
  • August Kekulé. Band 2: Abhandlungen, Berichte, Kritiken, Artikel, Reden. Verlag Chemie, Berlin 1929
  • Die Bedeutung der Chemie für den Weltkrieg. Cohen, Bonn 1915
  • (mam Thomas Carnelly/August Friedrich Karl Himly/G. Schultz): Zur Bestimmung des Schmelzpunktes. In: Zeitschrift für Analytische Chemie. (Springer (Hrsg.)), 1. Dezember 1878, S. 468–471

Als Editeur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josef Loschmidt: Konstitutions-Formeln der organischen Chemie in graphischer Darstellung. W. Engelmann, Leipzig 1913
  • Viktor Richter: Chemie der Kohlenstoffverbindungen oder organische Chemie. 2 Bände, Geest & Portig, Leipzig 1949

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1887 ass hien an d'Leopoldina gewielt ginn.

1906 gouf hie vun der Universitéit Aberdeen zum Dr. jur. e.h. ernannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]