Richard C. Sarafian

Vu Wikipedia
Richard C. Sarafian
Gebuer 28. Abrëll 1930
New York
Gestuerwen 18. September 2013
Santa Monica
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun New York University
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller
Member vun WGA West
Famill
Kanner Tedi Sarafian, Deran Sarafian

De Richard C. Sarafian, gebuer als Richard Caspar Sarafian den 28. Abrëll 1930 zu New York City a gestuerwen den 18. September 2013 zu Santa Monica a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

De Sarafian hat säi Filmdebut als Regisseur am Joer 1961 mat Episode vu verschiddenen Televisiounsserien. Hien huet mat Terror at Black Falls 1962 säin éischte Kinosfilm gedréit.

Zu senge wichtege Filmer zielen de Roadmovie Vanishing Point (1971) mam Barry Newman an zwéi Western Man in the Wilderness (1971) mam Richard Harris a John Huston an The Man Who Loved Cat Dancing (1973) mam Burt Reynolds an der Sarah Miles.

Säi leschte Film als Regisseur war Solar Crisis (1990) mam Tim Matheson a Charlton Heston deen awer ënner dem Pseudonym Alan Smithee eraus koum, well hie mam Schnëtt vum Film net zefridde war.

De Richard Sarafian war mat der Helen Joan Altman, der Schwëster vum Filmregisseur Robert Altman bestuet. De Filmregisseur Deran Sarafian ass hire Jong.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]