Richard David Precht

Vu Wikipedia
Richard David Precht
Gebuer 8. Dezember 1964
Solingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu Köln
Aktivitéit Philosoph, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Journalist
Famill
Bestuet mat Caroline Mart

De Richard David Precht, gebuer den 8. Dezember 1964 zu Solingen, ass en däitsche Schrëftsteller, Publizist an Essayist.

Hien huet Philosophie, Germanistik a Konschtgeschicht op der Universitéit zu Köln studéiert a gouf 1994 an der Germanistik promovéiert.

Als Essayist schreift hie fir däitsch Zeitungen an Zäitschrëften. Hie war vun 2002 bis 2004 Kolumnist vun der Zäitschrëft Literaturen a vun 2005 bis 2008 fräie Mataarbechter vun der Sendung Tageszeichen vum WDR.

Hien huet eng siwe Bicher geschriwwen, wouvun dat bekanntst Wer bin ich – und wenn ja, wie viele?, iwwer 700.000 Mol verkaaft an an 18 Sproochen iwwersat gouf, an 2008 op 1. Plaz op der Spiegel-Bestsellerlëscht vu Saachbicher stoung.

De Precht ass bestuet mat der Caroline Mart, a lieft zu Köln an zu Lëtzebuerg.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die gleitende Logik der Seele. Dissertation. Metzler-Poeschel, Stuttgart 1996, ISBN 3-476-45151-8.
  • Noahs Erbe. Vom Recht der Tiere und den Grenzen des Menschen. Rowohlt, Reinbek 2000, ISBN 3-499-60872-3.
  • mam Georg Jonathan Precht: Das Schiff im Noor. Goldmann, München 2001, ISBN 3-442-44791-7.
  • Die Kosmonauten. Kiepenheuer und Witsch, Köln 2003, ISBN 3-462-03216-X.
  • Baader braun. In: Iris Radisch (Hrsg.): Die Besten 2004. Klagenfurter Texte. Die 28. Tage der deutschsprachigen Literatur in Klagenfurt. Piper, München/Zürich 2004, ISBN 3-492-04648-7.
  • Lenin kam nur bis Lüdenscheid. Meine kleine deutsche Revolution. List, Berlin 2007, ISBN 3-548-60696-2. Autobiographie,
  • Wer bin ich – und wenn ja, wie viele? Eine philosophische Reise. Goldmann, München 2007, ISBN 3-442-31143-8.
  • Liebe. Ein unordentliches Gefühl. Goldmann, München 2009, ISBN 3-442-31184-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard David Precht – Biller, Videoen oder Audiodateien