Richard M. West
Richard M. West | |
---|---|
Gebuer |
10. Februar 1941 Dänemark |
Nationalitéit | Dänemark |
Educatioun | Universitéit vu Kopenhagen |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
De Richard Martin West, gebuer den 10. Februar 1941 zu Kopenhagen, ass en däneschen Astronom deen um Europäesche Südobservatoire (ESO) schafft.
De West huet vill Koméiten entdeckt, dorënner de spektakuläre Koméit West (C/1975 V1) an déi periodesch Koméite 76P/West-Kohoutek-Ikemura an den 123P/West-Hartley.
Hien huet och nach 39 Asteroiden entdeckt, dorënner d'Trojaner (2146) Stentor, (2148) Epeios an (20995) 1985 VY. De West ass och Matentdecker, zesumme mam Hans-Emil Schuster, vun der Phoenix Zwerggalaxis.
Den Asteroid West dréit säin Numm.