Rieder Bëschkierfecht

Vu Wikipedia
Rieder Bëschkierfecht
D'Entrée vum Rieder Bëschkierfecht mam Informatiounspanneau
Land Lëtzebuerg
Gemeng Betzder
Fläch 16,91 ha
Ugeluecht 2011
Koordinaten 49° 40’ 04.90’’ N
      06° 17’ 41.43’’ O


Informatiounspanneau an der Entrée vum Bëschkierfecht.
Erënnerungsplack mam Numm vum Verstuerwenen.

De Rieder Bëschkierfecht ass e Kierfecht am Rieder Bësch zu Rued-Sir. E läit zirka 300 m nordwestlech vum traditionelle Kierfecht vun der Uertschaft.

Et ass deen eelste Bëschkierfecht no deem Konzept zu Lëtzebuerg. E gouf den 2. Mee 2011 offiziell virgestallt.

De Rieder Bëschkierfecht huet eng Fläch vu 16,91 ha, wouvun an enger éischter Phas, vun 2011 bis 2013, 2 ha benotzt ginn. De Kierfecht steet den Awunner vu ganz Lëtzebuerg zur Dispositioun.

D'Äsche vun de Verstuerwene gi bei de Wuerzele vu Beem, déi dofir erausgesicht goufen, begruewen.

De Kierfecht gouf vun der Gemeng Betzder an der Natur- a Bëschverwaltung, déi sech och ëm den Ënnerhalt këmmeren, zesumme mat der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt an Omega 90 realiséiert. Och déi Verantwortlech vun der kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg hu mat hirem Rot bäigedroen.

Eng Pilotphas vun zwee Joer[änneren | Quelltext änneren]

An enger éischter Phas goufen 48 Eechen op enger Fläch vun 2 ha ausgewielt a mat enger Plackett markéiert. Et sinn dat Beem, déi eng Liewenserwaardung vun nach wéinstens 100 Joer hunn. No der Pilotphas, vun 2011 bis 2013, kann, wann néideg, de Rescht vum Kierfecht benotzt ginn.

Gestioun vum Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

De Bësch vum Kierfecht soll naturno erhale bleiwen. Dofir däerfe weeder Planzen nach Blummekränz oder Steng op de Grafplazen deposéiert ginn. De Kierfecht ass fräi zougänglech an ass net mat engem Zonk ëmginn.

Ronderëm all Bam kënnen d'Äsche vun 10 Persoune begruewe ginn. Op de Bamstämm gi kleng Erënnerungsplacken un déi Verstuerwe fixéiert. Intresséiert Leit kënne Konzessioune fir 15 oder 30 Joer kafen, dat fir 200 respektiv 400 Euro. Och Konzessioune fir Familljebeem si virgesinn.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dépliant vun der Gemeng Betzder an der Natur- a Bëschverwaltung, online ënner [1]
  • Schartz, N., 2011. Eine Ruhestätte im Wald. Luxemburger Wort vum 3. Mee 2011, S. 31.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rieder Bëschkierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien