Riigikogu
Ausgesinn


De Riigikogu (wuertwiertlech: "Staatsversammlung" oder och "Staatsrot") ass d'Parlament vun Estland.
En ass an der estnescher Haaptstad Tallinn etabléiert. Op Basis vun der estnescher Verfassung huet de Riigikogu 101 Memberen, déi jeeweils fir véier Joer gewielt sinn. De Walalter läit bei 18 Joer. Fir kënne gewielt ze gi muss een op d'mannst 21 Joer hunn.
Eng Partei muss op d'mannst 5 Prozent vun de Stëmme kritt hunn, fir an de Riigikogu ze kommen. Ausnam sinn eenzel Deputéiert, déi perséinlech op d'mannst 1/101 vun de Stëmme kritt hunn, an esou direkt gewielt sinn. Wann en Deputéierte Regierungsmember gëtt, muss e säi Mandat sou laang opginn, an en nächstgewielte Kandidat vu senger Lëscht réckelt no.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Riigikogu – Biller, Videoen oder Audiodateien |