Ritter (Moundkrater)
Ritter (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 1,93° N |
Längt | 19,17° O |
Duerchmiesser | 29,528 km |
Déift | 1,3 km |
Selenographesch Längt | 341 ° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Carl Ritter August Ritter |
Krut säin Numm am Joer | 1935 |
Kraterfoto an Ëmgéigend | [1] |
De Ritter ass en Aschlagkrater no beim südwestleche Rand vum Mare Tranquillitatis um Äerdmound. Hie bilt mam Krater Sabine dee süddëstlech vun him läit, eng Kraterkoppel. D'Ränner vu béide Kratere ginn nëmmen duerch en enken Dall vun e puer Kilometer Breet getrennt. De Ritter ass bal kreesfërmeg, huet awer en onreegelméissege baussenzege Rand. D'Begrenzungswänn am Zentrum sinn a Richtung Kraterbuedem ofgerutscht. Am Kraterzentrum sinn en ettlech niddreg Hiwwelketten.
Am Nordweste läit de Krater Dionysius an nord-nordëstlech kann een d'Krateren Arago a Manners erkennen.
Nordwestlech vum Krater Ritter läit e System vu parallele Rillen déi no Nordweste lafen an déi nom Krater als Rimae Ritter bezeechent ginn.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]De Krater gouf no dëse Persoune genannt:
- Carl Ritter (gebuer de 7. August 1779 zu Quedlinburg a gestuerwen den 28. September 1859 zu Berlin) gëllt nieft dem Alexander von Humboldt als Grënner vun der wëssenschaftecher Geographie.
- Georg Dietrich August Ritter (gebuer den 11. Dezember 1826 zu Lüneburg a gestuerwen de 26. Februar 1908 och do) war en däitsche Professer fir Mechanik an Astrophysik.
Ritter | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
B | 3,23° N | 18,92° O | 14,2 km |
C | 2,72° N | 18,85° O | 13,31 km |
D | 3,64° N | 18,74° O | 6,58 km |