Cuentos del río

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) River Tales)
Cuentos del río
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2019
Première 16. September 2019 (Lëtzebuerg)
Dauer 82 min
Originalsprooch Spuenesch
Ekipp
Regie Julie Schroell
Dréibuch Julie Schroell
Fotografie Frank Pineda
Musek Pascal Karier
Aaron Ahrends
Schnëtt Damian Plandolit
Produzent Jesus Gonzalez-Elvira
Julie Schroell
Produktiouns-
gesellschaft
Calach Films,
Loufok Productions
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Cuentos del río, och River Tales oder Raconte-moi le fleuve, ass e lëtzebuergeschen Documentaire aus dem Joer 2020 vun der Julie Schroell.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt d'Liewe ronderëm de Floss San Juan, am Nicaragua, op der Grenz mam Costa Rica, an ëm de Projet vun engem Kanal, deen den Atlanteschen an de Pazifeschen Ozean verbanne soll, dee vun engem chineeseschen Investisseur virugedriwwe gëtt, als Konkurrenz zum Panamakanal...

Filmfestivallen a -präisser[änneren | Quelltext änneren]

Den Documentaire hätt sollen de 14. Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival fir d'éischt zu Lëtzebuerg gewise ginn.[1] Dee gouf awer wéinst der Coronavirus-Pandemie ofgesot.[2] En ass dunn de 16. September am Kino ugelaf.

E gouf och virdru schonn um Filmfestival Close Up Dokufest 2019 am schotteschen Edinburgh gewisen, wou en de Präis "Best Environmental Documentary" krut,[2], an um iresche Galway Film Fleadh Filmfestival, wou en dee mat 3.000 Euro dotéiert "Peripheral Visions Award" gewonnen huet.[3]

Um amerikanesche Festival Portland EcoFilm Festival gouf de Film als beschte Film ("Best Feature Film Award") präisgekréint,[4] an den Haaptprotagonist vum Film, de Yemn Jordan Taisigue Lopez, krut den "EcoHero Award 2020" fir seng wäertvoll Kontributioun zur Ëmweltgerechtegkeet.[5][6]

De Film ass och op enger ganzer Rei anere Festivalle gelaf, dorënner zu Florenz, Barcelona, Prag, Belgrad, a Chicago, an am Chile, Dänemark a Kroatien.

Bei der 9. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis (2021) war en an der Kategorie "Beschte Laangfilm (Documentaire)" nominéiert.

Lëtzebuerg huet Cuentos del río an der Kategorie "Beschten Internationale Film" fir den Oscar 2020 virgeschloen, mee de Film gouf net nominéiert.[2][6]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Anina Valle Thiele, Tageblatt:[7]

Entstanden ist ein eindrucksvoller Dokumentarfilm, der es schafft, ein Stück weit den magischen Realismus Lateinamerikas zu transportieren. [...] „Cuentos del rio“ schafft es, Menschen, die noch nie in Lateinamerika waren, die mythische Realität und die Faszination des exotischen Ortes nahezubringen, streift die politische Lage Nicaraguas jedoch nur sporadisch.

Pablo Chimienti, d'Lëtzebuerger Land:[8]

Ce River Tales nous en met plein les yeux et plein la tête, nous fait voyager, rêver… tout en nous alertant discrètement mais sans faux-semblants sur la difficile situation, qui n'a d'ailleurs cessé d'empirer depuis le tournage, du Nicaragua, un des pays les plus pauvres du continent américain.

Guilhem Caillard, cineuropa.org:[9]

"Raconte-moi le fleuve" est ce que l'on peut appeler un documentaire précieux et nécessaire. Son esthétique délicate et travaillée en fait aussi un beau moment de cinéma.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film um Site vum LuxFilmFest Gearchiveerd op 2021-12-23. Gekuckt de(n) 2021-12-23.
  2. 2,0 2,1 2,2 wort.lu: «River Tales/Cuentos del rio» dans la course aux Oscars (5. Oktober 2020)
  3. paperjam.lu: «Raconte-moi le fleuve» récompensé au Galway Film Fleadh (13. Juli 2020)
  4. Portland EcoFilm Festival 2020
  5. Portland EcoFilm Festival: EcoHero Award
  6. 6,0 6,1 gouvernement.lu: "River Tales / Cuentos del rio" désigné pour représenter le Luxembourg dans la course aux Oscars 2021 (5. Oktober 2020)
  7. tageblatt.lu: Dokumentarfilm / Toda la historia del rio: „River Tales“ von Julie Schroell vum Anina Valle Thiele (9. Abrëll 2020)
  8. land.lu: Et au milieu coule une rivière vum Pablo Chimienti (25. September 2020)
  9. cineuropa.org: Critique: Raconte-moi le fleuve vum Guilhem Caillard (16. Mäerz 2020)