Roald Amundsen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Roald Amundsen

De Roald Amundsen, gebuer de 16. Juli 1872 zu Borge/Östfold a gestuerwen am Juni 1928 tëscht Tromsö an der Biereninsel am Archipel Spitzbergen war e norwegesche Polarfuerscher.

No engem ofgebrachene Medezinstudium (1894) huet den Amundsen sech der Erfuerschung vun de Poloarregioune vun eisem Planéit verschriwwen.

1897 bis 1899 huet hien un enger belscher Südpolexpeditioun deelgeholl.

Op der Sich nom magnéitischen Nordpol huet den Amundsen op senger 1. Expeditioun op engem ëmgebaute Fëscherboot an de Joren 1903-1906 als Éischten d'Nordwestpassage duerchfuer.

An enger Course mam Robert Falcon Scott huet den Amundsen de 15. Dezember 1911 mat senge 4 Begleeder op Grond vu sengem bessere Material als Éischten de Südpol erreecht.

Am Kader vun enger Rettungsmissioun fir den italienesche Polarfuerscher Umberto Nobile koum den Amundsen bei engem Fligeraccident ëm d'Liewen. Seng Läich gouf net fonnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roald Amundsen – Biller, Videoen oder Audiodateien