Op den Inhalt sprangen

Robert Bintener

Vu Wikipedia
Robert Bintener
Gebuertsnumm Robert Jean Bintener
Gebuer 3. Mee 1923
Koplescht
Gestuerwen 27. Mäerz 2012
Munneref
Alter 88 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Fonctioun Gemengeconseiller, Buergermeeschter
Auszeechnungen Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne

De Robert Bintener, gebuer als Robert Jean Bintener den 3. Mee 1923 zu Koplescht[1][2] a gestuerwen de 27. Mäerz 2012 zu Munneref[3], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (CSV).

1947 huet hien d'Meeschterprüfung fir Schräiner gemaach, fir sech dono selbstänneg ze maachen.[2]

Hie war 36 Joer am Gemengerot vun der Gemeng Koplescht, dovu vun 1954 bis 1981 als Buergermeeschter.[3] Hien huet och véiermol fir d'Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf eng Strooss um Briddel no him genannt.[4]

  1. Gebuertsakt Nr. 9 vun der Gemeng Koplescht vum 3. Mee 1923
  2. 1 2 3 Robert Bintener, 20 Jahre Bürgermeister in Kopstal. In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 145 (26.06.1976), p. 7 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. 1 2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 2012.
  4. L-8125; Lag op geoportail.lu.
  5. Ordre de la couronne de chêne. In: Tageblatt, nº 143 (24.06.1981), p. Seite 6 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].