Robert De Niro

Vu Wikipedia
Robert De Niro
um Karlovy Vary Filmfestival 2008
Gebuertsnumm Robert Anthony De Niro
Gebuer 17. August 1943
New York
Nationalitéit USA, Italien
Educatioun Stella Adler Studio of Acting,
Lee Strasberg Theatre and Film Institute,
HB Studio
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsproduzent, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Schauspiller, Theaterproduzent, Produzent, Regisseur
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Kanner Raphael De Niro

De Robert Mario De Niro Jr. , gebuer de 17. August 1943 zu New York, ass en US-amerikanesche Schauspiller. Hien huet bis ewell zweemol en Oscar gewonnen (fir seng Nieweroll an The Godfather II an d'Haaptroll fir Raging Bull).

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Robert De Niro huet, nodeem en d'Schoul ofgebrach a Member vun enger Gang gi war, um Stella Adler Conservatory of Acting an am Actor's Studio beim Lee Strasberg Schauspill studéiert. An den 1960er Joren huet hie virun allem an Off-Broadway-Stécker matgespillt. The Wedding Party vum Brian De Palma (1969) war säin éischte Film.

1973 hat hien, no e puer méi klenge Rollen, d'Haaptroll am Martin Scorsese sengem Mean Streets. Hien huet zanterhier eng ganz Rëtsch Filmer mam Scorsese gedréint: Taxi Driver (1976), New York, New York (1977), Raging Bull (1980), The King of Comedy (1983), Goodfellas (1990), Cape Fear (1991) a Casino (1995).

1974 huet hien de jonken Don Vito Corleone am Francis Ford Coppola sengem The Godfather Part II gespillt, woufir e säin éischten Oscar krut. Duerno huet e mam Bernardo Bertolucci de 5-Stonnen Eepos 1900 gedréint. Dëse koum 1976 eraus, d'selwecht Joer wéi Taxi Driver, wou den De Niro de Vietnamveteran Travis Bickle gespillt huet. Fir déi Roll, wéi och fir déi am Michael Cimino sengem The Deer Hunter (1978) gouf hien all Kéier fir den Oscar nominéiert.

1980 huet den De Niro de Boxer Jake LaMotta an Raging Bull interpretéiert. Fir déi Roll huet den De Niro net nëmme Boxe geléiert, mä och zäitweileg 27 kg bäigeholl. E krut dofir den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll. Duerno huet hien eng Rëtsch Filmer gedréint, déi kommerziell manner Succès haten, wéi The King of Comedy (1983) vum Scorsese, Once Upon a Time in America (1984) vum Sergio Leonoe an The Mission (1986) mam Jeremy Irons.1987 hat en als Al Capone am Brian De Palma sengem The Untouchables nees e Film, dee beim Public a Kritik gutt ukomm ass.

Nieft dëse méi eeschte Rollen huet den De Niro och a Comédië matgespillt, dorënner Midnight Run (1988), Mad Dog and Glory (1993), Analyze This (1999), Meet the Parents (2000) an d'Suite dovun, Meet the Fockers (2005).

1989 huet hien d'Filmproduktiounsfirma TriBeCa Productions gegrënnt. 1993 huet den De Niro säin éischte Film als Regisseur gedréint: A Bronx Tale. Aner Filmer aus den 1990er Joren, an deenen e matgespillt huet, waren Heat vum Michael Mann,Wag the Dog vum Barry Levinson an Analyze This.

2006 huet hie bei The Good Shepherd eng zweet Kéier Regie gefouert.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1965 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

vun 2010 bis 2019[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

  • 1977: The Godfather: A Novel for Television - (TV-Mini-Serie) - (4 Episoden)
  • 2006: Extras - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 2011: 30 Rock - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 2011: Saturday Night Live - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 2017: The Wizard of Lies - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Michelle Pfeiffer, Nathan Darrow

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert De Niro – Biller, Videoen oder Audiodateien