Op den Inhalt sprangen

Robert Dhéry

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Dhéry
Gebuertsnumm Robert Léon Henri Fourrey
Gebuer 27. Abrëll 1921
Saint-Denis
Gestuerwen 3. Dezember 2004
19. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Colette Brosset

De Robert Dhéry, gebuer als Robert Fourrey de 27. Abrëll 1921 zu La Plaine Saint-Denis, a gestuerwen den 3. Dezember 2004 zu Paräis, war e franséische Schauspiller a Filmregisseur.

Hien huet am Joer 1948 zesumme mat senger Fra Colette Brosset d'Theatergrupp Les Branquignols mat de Schauspiller Jean Carmet, Louis de Funès, Jean Lefebvre, Jacqueline Maillan, Michel Serrault, Micheline Dax, Pierre Olaf, Jacques Legras, Gérard Calvi, Robert Rollis a Pierre Tornade gegrënnt.

Als Filmregisseur hat hie grouss Erfolleger mat Filmer wéi La Belle Américaine, Allez France! a mat Le petit baigneur. Hie war awer och bedeitende Filmer vun anere Regisseure wéi Les enfants du paradis vum Marcel Carné, Malevil vum Christian de Chalonge an a La passion Béatrice vum Bertrand Tavernier ze gesinn.

Hie war vun 1943 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Colette Brosset bestuet.

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Robert Dhéry – Biller, Videoen oder Audiodateien