Op den Inhalt sprangen

Robert Goniva

Vu Wikipedia
Robert Goniva
Gebuer 5. August 1922
Giewel
Gestuerwen 1. Mäerz 2018
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg


De Robert Goniva, gebuer de 5. August 1922 zu Giewel, a gestuerwen den 1. Mäerz 2018 an der Eecher Klinick, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[1] a Buergermeeschter vun der Gemeng Käerch. Säi Brudder ass de Marcel Goniva[2].

Als Zwangsrekrutéierten war hie vum 18. Abrëll bis den 28. September 1942 am Reichsarbeitsdienst a vum 18. Oktober 1942 bis an de September 1943 an der Wehrmacht a Russland. Him ass dunn d'Desertioun an d'Flucht a Richtung Frankräich, e.a. mat Hëllef vun de PI-MEN, gelongen[3].

Den 18. März 1944 war de Robert Goniva am Hôtel Jean Cros aux Ancizes (am Puy-de-Dôme)[4], dem wichtegsten Transitpunkt vun de PI-MEN, wéi eng Rafle vum Sicherheitsdienst mat der Wehrmacht do stattfonnt huet. Eng 20 Refraktäre ware verhaft ginn a goufen hei maltraitéiert. Just de Robert Goniva an e weidere Refraktär vun Diddeleng hunn dës Rafle iwwerlieft, well si sech verstoppe konnten. All déi aner koumen spéider an däitsche Prisongen ëm d'Liewen[3].

Hie war spéider jorelaang (1982-1999) Käercher Buergermeeschter an e.a. Kommiteesmember vum Groupement indépendant des maquisards luxembourgeois.

Den 3. Juni 1989 gouf vum Robert Goniva als Käercher Buergermeeschter a Presenz vum Staatsminister Jacques Santer an "der Grenn" bei Käerch ee vun den Enrôlés de Force Käerch initiéierte Gedenksteen mat enger Plaque commémorative fir déi alliéiert Fligerleit vum Stirling I R9275 No. 7 Squadron Team, déi hei bei engem Ofstuerz den 11. Abrëll 1943 ëm d'Liewe koumen, ageweit[5].

  1. Goniva, Robert op der Websäit vun der Fédération des enrôlés de force "Ons Jongen a Meedercher". Gekuckt de(n) 17.08.2020.
  2. Breuskin, 80 Jahre nach der Wehrpflicht. Wie sich Marcel Goniva gegen das Vergessen einsetzt. Luxemburger Wort (30.08.2022). Gekuckt de(n) 30.08.2022.
  3. 3,0 3,1 Knepper, Aimé, and Thill, Gérard. Vie Ou Mort Des Réfractaires. Luxembourg: A. Knepper, 1992. Print. S. 161
  4. Jean CROS. In: European center for deported resistance members - Site of the former Natzweiler camp ONACVG (on-line) Archivéiert de(n) 2021-10-02. Gekuckt de(n) 02.10.2021.
  5. Archive Report: Allied Forces [Stirling I R9275 MG-Y / crash at Koerich near Luxembourg]. Gekuckt de(n) 17.08.2020.