Op den Inhalt sprangen

Robert Mehlen

Vu Wikipedia
Robert Mehlen
Gebuer 12. Mee 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Entreprener, Bauer
Partei ADR
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Robert Mehlen, gebuer den 12. Mee 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Bauer a Politiker (ADR).

Hie war vum 18. Juli 1989 bis de 7. Juni 2009 Deputéierte vum Walbezierk Osten an der Chamber.

De Robert Mehlen war Matgrënner an éischte President vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) an duerno gouf en Éierepresident.

Den 8. Dezember 1991 gouf hie President vum "Aktiounskomitee 5/6", der Virleeferorganisatioun vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei. Hien hat déi Funktioun bis zum Kongress vum 25. Mäerz 2012, wéi de Fernand Kartheiser säin Nofollger gouf, an hien och do Éierepresident gouf.

No der Demissioun vum Fernand Kartheiser am Dezember 2012 gouf de Robert Mehlen nees zum Interimspresident bestëmmt.[1]

Den 19. November 2025 huet de Robert Mehlen an engem Pressecommuniqué matgedeelt, datt hien wéinst der "Putin-frëndlecher Politik" aus der ADR austrieden an de Poste vum Éíerepresident ofgi géif. No der zweeter Rees vum Fernand Kartheiser a Russland, bei där hie sech "zum Propagandist vun der russescher Verbriecherclique" géif maachen, wier et fir hie kloer gewiescht: "D'Mooss ass voll!"[2][3]

De Robert Mehlen war ausserdeem bis 2008 Vizepresident vun der PROCOLA a Vizepresident vun der Milch-Union Hocheifel eG.

Hie wunnt mat senger Famill zu Manternach.

 Commons: Robert Mehlen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ADR: Kartheiser geet, Colombera geet, Mehlen kënnt zréck, rtl.lu, 19. Dezember 2012.
  2. Mitbegründer der Partei, Robert Mehlen kündigt nach Russlandreise von Kartheiser seinen Rücktritt aus der ADR an. wort.lu, 19.11.2025; Luxemburger Wort, 20.11.2025, S. 4. Gekuckt den 20.11.2025.
  3. Wéinst "russesche Frënn" vum Fernand Kartheiser: De Robert Mehlen trëtt aus der ADR aus a gëtt den Titel vum Éierepresident of.. rtl.lu (19.11.2025). Gekuckt den 19.11.2025.
  4. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004