Robert Schumann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dësen Artikel ass iwwer de Komponist Schumann. Fir de Politiker, kuckt Robert Schuman (mat engem "N")


Portrait vum Robert Schumann vun 1830
De Robert Schumann, Lithographie vum Joseph Kriehuber (1839)

De Robert Schumann, gebuer den 8. Juni 1810 zu Zwickau a Sachsen a gestuerwen den 29. Juli 1856 zu Endenoch bei Bonn, war een däitsche Komponist.

Während sengem Droits-Studium zu Leipzig huet de Robert Schumann Pianosstonne geholl. 1830 huet hien souguer ugefaange Musek ze studéieren.

E Concert, dat de Violonist Niccolò Paganini 1830 zu Frankfurt/Main ginn hat, huet de jonke Schumann dozou bruecht, dem Paganini seng Virtuositéit op de Piano z'iwwerdroen. Beim Pianoprouwen huet de Schumann awer gemierkt, datt de Rankfanger de Schwaachpunkt vun der Hand ass, well en ofhängeg vun deenen anere Fangeren ass. Fir deem opzehëllefen, huet e sech de Mëttelfanger vun der rietser Hand ofgebonnen. Dat huet am Fréijoer 1832 dozou gefouert, datt et zu enger Sehnescheedenentzündung koum, wéinst där de Schumann vun engem Dokter bei deen anere Scharlatan gelaf ass. 1834 huet hie sech missen domat offannen, datt de rietse Mëttelfanger gelähmt blouf. Domat war den Dram vun enger Pianistecarrière eriwwer an de Schumann huet sech op d'Komponéiere gestierzt. Senger Mamm schreift en "Komponieren kann ich auch ohne ihn. ..", mä aus engem Bréif un d'Clara aus dem Joer 1838 léisst sech seng Verzweiflung däitlech erausliesen "Gott, warum hsat du mir gerade dieses gatan?".

1834 koum fir d'éischt Kéier seng Neue Zeitschrift für Musik eraus, déi e Forum vun der romantischer Musek ginn ass.

Mat senger Fra Clara Schumann, déi de Robert Schumann géint de Wëlle vun hirem Papp bestuet huet, huet de Robert Schumann während engem Joerzéngt zesummegeschafft.

Als Pedagog a Museksprofesser war de Robert Schumann awer net sou gutt an hien huet 1853 vu sengem Posten als Museksdirekter vun der Stad Düsseldorf zrécktriede missen. D'Unzeeche vun enger Gemidds- an Nervekrankheet waren ëmmer méi däitlech an de Robert Schumann konnt net méi komponéieren. 1854 huet hie versicht sech am Rhäin d'Liewen ze huelen, an huet duerno bis zu sengem Doud an enger Nerveklinik gelieft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Primärliteratur[änneren | Quelltext änneren]

  • Clara und Robert Schumann "Briefwechsel" Kritische Gesamtausgabe
    • Clara Schumann, Robert Schumann: Briefwechsel, Band 1: 1832-1838, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel
    • Clara Schumann, Robert Schumann: Briefwechsel, Band 2: 1839, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel , (vergraff Jan. 2007)
    • Robert Schumann: Briefwechsel, Band 3: 1840-1856, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel

A. Mayeda; K.W. Niemöller; B.R. Appel (Ed.): Robert Schumann in Endenich (1854-1856). Krankenakten, Briefzeugnisse und zeitgenössische Berichte, Mainz, Schott 2006.

Biographesches[änneren | Quelltext änneren]

  • Demmler, Martin: "Ich hab' im Traum geweinet". Robert Schumann. Eine Biografie, Reclam Keipzig, 283 S.
  • Majerus, Jean-Marie: Robert Schumann 1886-1953. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, éditions saint paul, Lëtzebuerg, 2003, ISBN 2-87963-419-9, S. 351-353.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Schumann – Biller, Videoen oder Audiodateien