Robin Cook

Vu Wikipedia
Robin Cook
Gebuer 28. Februar 1946
Gestuerwen 6. August 2005
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Politiker
Partei Labour Partei

De Robin Cook, gebuer den 28. Februar 1928 zu Glasgow a gestuerwen de 6. August 2005 op engem Trëppeltour a Schottland, war e schotteschen a brittesche Politiker.

Hien ass an de Biergaarbechter-Faubourge vu Glasgow, als Fils vun engem Cheemiker, op d'Welt komm an opgewuess, a war vun 1974 bis 1983 Deputéierte vun der Labour Party an der Chamber of Commons vum brittesche Parlament. Ënner dem Neil Kinnock huet hie sech als ee vun de wichtegste Personnagen an der Oppositiounspartei profiléiert. Den Tony Blair, deen en ëmmer als "politescht Liichtgewiicht" ugesinn huet, huet em trotz senger Antipathie 1997 de Poste vum Ausseminister a senger Regierung ginn (virun allem, fir dem Gordon Brown e Géigegewiicht ze setzen).

Als Ausseminister huet de Cook säi Ministère moderniséiert, prestigiéis, mä iwwerflësseg Ambassaden zougemaach, an duerchgesat, datt eethesch Krittären, op éischter Plaz d'Anhale vun de Mënscherechter, bei der Aussepolitik sollte gëllen. Hien huet sech an der Regierung als iwwerzeegten Europäer gewisen, an huet sech fir de brittesche Bäitrëtt zum Euro agesat. Och fir eng verstäerkt europäesch Verdeedegungspolitik huet hie militéiert.

An der 2. Blair-Regierung gouf de Cook net méi op e Ministerposten ernannt, dofir gouf e President vum brittesche Parlament. International grouss Beuechtung krut en, wéi en de 17. Mäerz 2003 vun dësem Posten zeréckgetrueden ass, fir géint d'Participatioun vu Groussbritannien am Irakkrich ze protestéieren. "Firwat", sou sot en, "soll et op eemol sou drénglech sinn, datt mer eis an e Krich missten engagéiere fir eng Militärmuecht z'entwaffnen, déi et zanter 20 Joer gëtt an déi mer mat opgebaut hunn?"