Rochuskapell Rëmmereg

Vu Wikipedia
Rochuskapell Rëmmereg

Uertschaft / Plaz Rëmmereg
Par Atertdall Sainte-Claire
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Baujoer 1961
Koordinaten 49° 48’ 03.5’’ N
      05° 57’ 25.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Rochuskapell zu Rëmmereg ass eng Kapell am Norde vun der Uertschaft Rëmmereg an der Gemeng Préizerdaul. Si läit direkt niewent dem Bëschkierfecht Hieselgriecht.

Déi éischt Rochuskapell gouf 1874 gebaut nodeems 1854 vill Rëmmereger duerch d'Cholera-Epidemie gestuerwe sinn. Si gouf dem Sebastianus an dem hellege Rochus geweit, dee sech am 13. Jh. fir déi Peschtkrank agesat huet. 1961 gouf déi haiteg Kapell op der Plaz vun der éischter Kapell opgeriicht. Zanter 1957 ass all Joer op Päischtméindeg eng Wallfaart vun de Bäcker, Patissieren a Mëller heihin, well den Hl. Rochus hire Patréiner ass.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatiounstafel niewent der Rochaukapell