Rochuskierch zu Nidderfeelen

Vu Wikipedia
Kierch vun Nidderfeelen
Filialkierch vun Nidderfeelen (2014)

Filialkierch vun Nidderfeelen (2014)
Filialkierch vun Nidderfeelen (2014)
Uertschaft / Plaz Nidderfeelen
Par Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Konsekratioun 1897
Desakraliséiert 2021
Architekt(en) Jean-Pierre Knepper
Baujoer 1896
Koordinaten 49° 51’ 17.8’’ N
      06° 02’ 44.1’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Rochuskierch zu Nidderfeelen war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Feelen gehéiert huet.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Bongerterwee, enger Säitestrooss vun der N15 (route de Bastogne).

Zur fréierer Par Uewerfeelen hunn ausser der Filialkierch vun Nidderfeelen och nach d'Parkierch vun Uewerfeelen an d'Kapell vun Uewerfeelen gehéiert.

De Gemengerot vu Feelen huet am Juni 2021, op Ufro vum Paschtouer an dem Kierchefong, fir d'Aleedung vun der Prozedur zur Entweiung vun der Kierch gestëmmt, och wann zu deem Ament nach kee Plang fir en zukünftege Gebrauch bestoung.[1]

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel an der haiteger Kierch eréischt am Joer 1897 den éischte Gottesdéngscht gehale gouf, geet d'Geschicht bis an d'17. Joerhonnert zeréck. D'Awunner vun Nidderfeelen haten den 21. Januar 1628 beschloss, eng Kapell an hirer Uertschaft ze bauen, well de Wee bis an d'Kierch zu Uewerfeelen ze wäit war. 1629 war déi nei Kapell fäerdeg a gouf dem Hellege Rochus an der Helleger Lucia geweit. 1754 gouf eng nei Kierch gebaut, well d'Kapell an engem erbäermlechen Zoustand war. Mëtt vum 19. Joerhonnert war och dës zweet Kapell net nëmmen an engem schlechten Zoustand mä och ze kleng fir d'Zuel vun den Awunner. Bei Stuerm huet d'Gefor bestanen, datt den Tuerm an d'Fënsteren kéinten zesumme falen.

Wéi 1876 den Uewerfeelener Gemengerot zesumme mam Kiercherot entscheet huet déi Uewerfeelener Kierch ze vergréisseren, ass e Klengkrich tëschent den Nidderfeelener Leit an den Uewerfeelener entstanen. Well déi Nidderfeelener deemools duebel esou vill Leit wéi déi Uewerfeelener haten, wollten si datt d'Nidderfeelener Kierch zur Parkierch géif ginn. Déi Uewerfeelener waren domat awer net averstanen, well soss hir Leit vill méi wäit bis an d'Kierch hätten an doriwwer eraus och nach laanscht 4 Caféen misste goen, wéi et an engem Rapport vum Kiercherot vum 2. Abrëll 1893 geheescht huet. D'Regierung an d'Bistum ware gefuerdert an et gouf e Kompromëss fonnt: d'Gemeng huet 1894 e Stéck vun 10 Ar niewent der aler Kapell kaaft, fir hei eng nei Kierch zu Nidderfeelen ze bauen. D'Kierch vun Uewerfeelen ass awer Parkierch bliwwen. 1895 hunn d'Aarbechten ugefaangen an 1897 gouf se konsekréiert.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rochuskierch zu Nidderfeelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zukunft der Kirche ungewiss, Entweihung des Niederfeulener Gotteshause, für das kein Bedarf mehr besteht, in die Wege geleitet., Luxemburger Wort, 11. Juni 2021, S. 28
  2. Arlette, Schmit, Entweit, aber nicht verkauft, Für die zukünftige Verwendung der 125 Jahre alten Kirche in Niederfeulen gibt es bislang keine Ideen, Luxemburger Wort, 6. Oktober 2021, S. 25