Roger Cicero

Vu Wikipedia
Roger Cicero
Gebuertsnumm Roger Marcel Cicero Ciceu
Gebuer 6. Juli 1970
West-Berlin
Gestuerwen 24. Mäerz 2016
Hamburg
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Jazzmuseker

De Roger Cicero [roˈʒeː ˈtsitsəro], gebuer de 6. Juli 1970 zu Berlin, a gestuerwen de 24. Mäerz 2016 zu Hamburg, war en däitschen Jazzsänger an de Jong vum Jazzpianist Eugen Cicero.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat eelef Joer ass de Roger Cicero am Virprogramm vun der Helen Vita opgetrueden. Mat 16 hat hie mam RIAS Danzorchester ënner der Leedung vum Horst Jankowski säin éischten Televisiounsoptrëtt. Am Alter vun 18 Joer ass en um Hohner-Conservatoire zu Tossingen opgeholl ginn an huet do Piano, Gittar a Gesank geléiert.

Vun 1989 bis 1992 ass de Roger Cicero mam Horst Jankowski-Trio, dem Eugen Cicero-Trio (d'Grupp vu sengem Papp) an dem Bundesjugendjazzorchester ënner der Leedung vum Peter Herbolzheimer opgetrueden.

Vun 1991 bis 1996 huet hien Jazzgesank op der Amsterdamer Héichschoul fir d'Kënscht zu Hilversum studéiert. An der Zäit duerno war hie Gaaschtsänger bei der Grupp Jazzkantine a Soulounge, mat deenen hien 2003 um Montreux Jazzfestival mat derbäi war.

2003 huet de Roger Cicero dunn d'Roger-Cicero-Quartett gegrënnt. An der Tëschenzäit ass hie mat enger eelef Mann staarker Bigband opgetrueden. Stilistesch zerwéiert hie sech bei der Swingmusek aus den 1940er an 1950er Joren a kombinéiert se mat däitschen Texter.

2006 war hien um Album Good Morning Midnight vun der Jazzpianistin Julia Hülsmann bedeelegt an huet mat Männersachen am Mee 2006 säin éischte Soloalbum erausbruecht. Nieft 12 Kompositiounen, ënner anerem vum Matthias Haß a Frank Ramond (allen zwéi Schreiwer a Produzente vun der Annett Louisan), gëtt et och eng Friemkompositioun. Schieß mich doch zum Mond ass déi däitsch Versioun vum Frank Sinatra sengem Klassiker Fly me to the Moon. D'Single Zieh die Schuhe aus, déi op ironesch Aart a Weis de Geschlechterkampf behandelt, huet sech am Juli 2006 bis op Rang 71 vun den däitschen Charts konnte placéieren, den Album Männersachen am August vum selwechte Joer souguer op Plaz 3.

Den 8. Mäerz ass hie bei der däitscher Virentscheedung fir den Eurovision Song Contest 2007 mam Song Frauen regier'n die Welt ugetrueden. Hien huet seng Konkurrenten, d'Casting-Band Monrose an den Heinz Rudolf Kunze hanner sech gelooss an huet Däitschland den 12. Mee zu Helsinki vertrueden.

De 24. Mäerz 2016 ass hie stënterlech un engem Hiereschlag gestuerwen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: The Essence Of A Live Event (vu Soulounge)
  • 2004: Home (vu Soulounge)
  • 2005: There I go (vun After Hours a Roger Cicero)
  • 2006: Good Morning Midnight (vum Julia Hülsmann)
  • 2006: Männersachen

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: So geil Berlin
  • 2006: Zieh die Schuh aus
  • 2006: Ich atme ein
  • 2007: Frauen regier'n die Welt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roger Cicero – Biller, Videoen oder Audiodateien