Roger Negri

Vu Wikipedia
Roger Negri
Gebuer 7. Februar 1954
Beetebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Eisebunner
Partei LSAP

De Roger Negri, gebuer de 7. Februar 1954 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker a pensionéierten Eisebunner. Hien ass bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnt zu Mamer.

Zanter 1996 ass hie Member vun der LSAP.

Hien ass éischte Schäffen an der Gemeng Mamer a war zanter dem 3. August 2004 Deputéierten an der Chamber. Hie war och President vum Benelux-Parlament. Op den 1. Abrëll 2018 huet hie säi Chambersmandat néiergeluecht; d'Simone Asselborn-Bintz ass fir hien nogeréckelt.[1]

De Roger Negri ass President vun der Fédération luxembourgeoise de gymnastique.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roger Negri – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "François Bausch a Sam Tanson sinn d'Spëtzekandidaten." rtl.lu, 23.03.2018, 07:03:29.