Roland Moreno
Ausgesinn
| Roland Moreno | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Roland Charles David Moreno |
| Pseudonym | Laure Dynateur |
| Gebuer |
11. Juni 1945 Kairo |
| Gestuerwen |
29. Abrëll 2012 6. Arrondissement |
| Doudesursaach | Longenembolie |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Lycée Condorcet |
| Aktivitéit | Erfinder, Journalist, Geschäftsmann |
| Gielercher | Officier vun der Légion d'honneur |
|
| |
De Roland Moreno, gebuer den 11. Juni 1945 zu Kairo, a gestuerwen den 29. Abrëll 2012, war e franséischen Erfinder. Hie gëllt als den Erfinder vun der Chipkaart.[1]
An den 1970er Joren huet de Roland Moreno e System patentéiere gelooss, wou op engem klengen, portabelen Objet e Mikrochip implantéiert ass, mat Hëllef wouvun ee bezuelen oder sech identifizéiere kéint.
Seng Erfindung huet zu der Chipkaart gefouert, déi zu villfältegem Asaz ka kommen, wéi z. B. als Bank- oder Kreditkaart, Telefonskaart, Sozialversécherungs- oder Identitéitskaart, SIM-Kaart, Fürerschäin, asw.
De Moreno huet och a Filmer matgespillt, an un aneren technologeschen Erfindunge gezwafft, wéi z. B. enger Software, déi Musek automatesch mat Gedichter kombinéiere sollt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Roland Moreno – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) ComputerWorld Honors: The 1997 Monticello Memoirs Fellows konsultéiert den 3. August 2011.
