Rolas

Vu Wikipedia
Den Equator op der Insel Rolas südlech vu São Tomé
Déi bekannte Praia Café op Rolas

Rolas[1] ass eng 3 km² kleng Insel déi zum afrikaneschen Inselstaat São Tomé a Príncipe am Archipel vum Golf vu Guinea gehéiert. Si gehéiert zum Distrikt Caué an der Provënz São Tomé.

Déi vulkanesch Insel (net méi aktiv) läit direkt um Equator südlech vun der Insel São Tomé. Si ass virun allem fir hir wonnerschéi Plagen a Palme bekannt. Et kënnt ee just mam Schëff dohin, vu Porto Alegre aus, en Hafen am Süde vun der Insel São Tomé.

Déi 200 permanent Awunner liewe vum Tourismus zanter e Luxusresort sech am Norde vun der Insel etabléiert huet. D'Uertschaft São Francisco läit och op der Nordküst vu Rolas. Um Nordrand markéiert e Monument déi genee Positioun vum Equator: eng Weltkaart aus Mosaik op där eng Messengssträif de Breetegrad "Null" markéiert an eng Sail déi d'Lag vun der Insel uweist.

An der Mëtt vun der Insel steet en ale Liichttuerm, dee nach a Betrib ass.

Ganz am Süde vu Rolas gëtt et e puer Furnas, eng Aart kleng Geysiren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ilhéu das Rolas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rolas gëtt och nach Ilha Gago Coutinho genannt, nom portugisesche Pilot, Geograph a Militär Gago Coutinho (1869-1959).