Rolf Knie

Vu Wikipedia
Rolf Knie
Gebuer 16. August 1949
Bern
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Moler
Famill
Papp Fredy Knie senior
Kanner Gregory Knie

De Rolf Knie, gebuer de 16. August 1949 zu Bern ass ee Schwäizer Moler an Artist. Hien ass de Jong vun der Pierette Dubois an dem Fredy Knie aus der Knie-Famill, déi de Schwäizer Nationalzikus Zirkus Knie zu Rapperswil bedreift.

1954 trëtt de Rolf Knie mat de Rivels op, enger bekannter Clowne-Grupp, déi vum Charlie Rivel gegrënnt gouf. Vun 1956 bis 1961 lieft de Rolf Knie bei der Bürgi-Familljen zu Belp. Do kritt hien direkte Kontakt mat moderner Konscht, well an der Famill grouss Konschtsammler sinn. De Paul Klee huet en gZäit ënenr dem selwechten Daach gewunnt.

Säi Secondaire mécht de Rolf Knie tëscht 1962 an 1965 zu Kaltbrunn am Kanton Sankt Gallen. No zwee Joer Handelsschoul hält hien 1968 mat der Schoul op a geet an den Zirkus vu sengem Papp schaffen. Hie féiert dresséiert Giraffen, Elefanten, Afen, Flosspäerd an aner Gedéiesch vir.

Zesumme mam Gaston Häni huet hien 1973 säin éischte Succès als Clownekoppel. Dat selwecht Joer bestit hien d'Erica Brosi.

1977 krut e beim Kabarettist Emil Steinberger Unterrecht am perspektiveschen Zeechnen. Am meeschte moolt en Zeenen aus dem Zirkus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]