Rolf Wolfshohl
| Rolf Wolfshohl | |
|---|---|
|
| |
| Pseudonym | Le Loup |
| Gebuer |
27. Dezember 1938 Köln |
| Gestuerwen | 18. September 2024 |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Aktivitéit | Cyclocrossfuerer, Sportsdirekter |
| Kompetitiounsklass | Cyclocross |
| Veräin/Ekipp |
Mercier, Bic, Mercier, Peugeot, Rokado, Alcyon |
| Huet matgemaach bei | Vuelta a España, Tour de France |
| Famill | |
| Kanner | Rolf-Dieter Wolfshohl |
|
| |
De Rolf Wolfshohl, gebuer de 27. Dezember 1938 zu Köln, a gestuerwen de 18. September 2024, war en däitsche Vëlossportler. Wärend senger Karriär an den 1970er an 80er Joren, war hien ee vun de beschte Vëlossportler aus Däitschland.
Jugend an Ausbildung
[änneren | Quelltext änneren]De Rolf Wolfshohl ass am Kölner Quartier Bucheim opgewuess. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Famill - d'Mamm mat zwee Kanner - op Jena evakuéiert. Säi Papp ass an de leschte Krichsdeeg gestuerwen. 1947 ass d'Famill zeréck op Köln geplënnert. Mat 14 Joer huet hien eng Léier als Mecanicien bei Deutz-Deutz ugefaangen. Hien ass all Dag mam Vëlo schaffe gefuer. Dobäi huet hie gesinn, datt den RC Tempo Mülheim op der Merheimer Heide trainéiert huet, an hien huet ugefaange sech fir Vëlossport ze begeeschteren. Säi Virbild war de Jupp Arents, däitsche Meeschter vun 1938, ënner deem de Wolfshol och trainéiert huet.
Sportlech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1956 gouf de Rolf Wohlfshohl däitsche Jugendmeeschter op der Strooss, zwee Joer drop, däitsche Meeschter vun der Elite am Cyclocross. Den Otto Weckerling, Chef vun den Dortmunder Sechs-Deeg, wollt de Wolfshohl op d'Bunn huelen. Wärend senger eenzeger Sechs-Deeg-Course huet hien opginn, a sech vun do un op de Cyclo-cross konzentréiert. Fir eng méi intensiv Beschäftegung mat dem Cyclo-cross war hie laang Member am lëtzebuergesche Veräin UC du Nord, an ass vill Courssen zu Lëtzebuerg gefuer. Als Amateur huet hie 1959 mat der belscher Ronde van Limburg eng vun de bedeitendste Courssen an der Belsch gewonnen.
D'gréisst Zil vum Wolfshohl war eng Victoire beim Tour de France, bei deem hien tëscht 1962 an 1972 néngmol ugetrueden ass. Do gouf hie le loup genannt. Beim Tour de France vun 1967 an 1970 huet hien allkéiers eng Etapp gewonnen. Beim Tour de France vun 1968 hat hien zwee Deeg de gielen Trikot. Mat der sechster Plaz, war et seng perséinlech Beschtleeschtung, nodeems hien an der Course gefall war.
Am Ganze gouf hien a senger Karriär 14-mol däitsche Meeschter, dovun 13-mol am Cyclo-cross an eng Kéier (1968) op der Strooss. 1960 krut hien den éischte vun dräi Weltmeeschtertitelen am Cyclo-cross, déi aner krut hien 1961 an 1963. Am Ganzen huet de Wolfshohl zwielef WM-Medaillen (Sëlwer: 1959, 1965, 1967, 1969, 1972; Bronz: 1958, 1966, 1970, 1973) bei 14 Participatiounen tëscht 1957 an 1975, gewonnen. No senger zweeter Plaz bei de Cyclocross-Weltmeeschterschaften vun 1968, gouf de Wolfshohl positiv op Doping getest. Dorpshi sot hien, datt hien den Dopingmëttel nëmme wéinst engem Schnapp geholl hätt. Nodeems och d'B-Prouf positiv war, gouf hien am Abrëll 1968 fir véier Woche gespaart.
Seng gréisst Erfolleger am Stroossesport waren d'Victoire bei der Vuelta a España 1965, a Paris-Nice 1968. Bei de Klassiker vum Vëlossport konnt hie sech zweemol als Zweete placéieren. 1962 bei Léck-Baaschtnech-Léck an 1963 bei Milano-Sanremo. 1962 huet de Wolfshohl de Grand Prix d'Orchies gewonnen. 1973 ass hie seng leschte Course gefuer.
De Wolfshohl huet als en hypernervösen an individualistesche Mënsch gegollt, deen duerch seng Charaktereegenschaften, Schwieregkeeten a sengen Ekippen hat.
Famill a Beruffleches
[änneren | Quelltext änneren]De Bouf vum Wolfshohl Rolf-Dieter (1960–2011) war och Vëlossportler. Bei de Stroosse-Meeschterschafte vun 1984 huet hie sech bei engem Massecrash en Halswierbel gebrach a war zanterhier bis zum Hals geläämt. De Rolf-Dieter Wolfshohl ass den 13. November gestuerwen. Seng Duechter Monika (1962–2023) ass och virun him gestuerwen.
Nom Enn vu senger aktiver Karriär war de Rolf Wolfshohl sportleche Leeder vum Vëlossportteam Rokado. Vun 1995 bis 2000 war hien éierenamtleche sportleche Leeder vun der Course Rund um Köln. Ausserdeem hat hie mat senger Fra e Vëlosbuttek. Hien huet sech fir den Nowuess am Vëlossport beim RSC „Le Loup“ engagéiert.
1997 gouf de Wolfshohl mat dem Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland ausgezeechent.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rolf Wolfshohl – Biller, Videoen oder Audiodateien |
