Op den Inhalt sprangen

Romain Leick

Vu Wikipedia
Romain Leick
Gebuer 5. Mee 1949
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Mee 2025
Hamburg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Journalist
Famill
Bestuet mat Colette Welter

De Romain Leick, gebuer de 5. Mee 1949 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Mee 2025 zu Hamburg[1][2], war e lëtzebuergesche Journalist.[3]

Hien huet seng Première 1968 am Kolléisch gemaach an duerno zu München Geschicht a Philosophie studéiert fir méi spéit Professer ze ginn. Hie krut vun 1970-1973 eng Bourse fir d'„Förderung des publizistischen Nachwuchses“ an huet Stagë bei der Frankfurter Rundschau an der Agence France Presse gemaach. Do koum hien op de Goût vum Journalismus an huet d'Iddi fir Professer ze ginn, fale gelooss.[3]

Vun 1975 bis 1976 huet hien als Redakter an der däischter Wochenzeitung Vorwärts zu Bonn geschafft an huet den 1. Januar 1977 beim Spiegel ugefaangen. Hie blouf bis zu senger Pensioun bei der däitscher Wochenzeitung; uganks vun den 1980er Jore war hie Korrespondent zu Bonn, 1983 zu Bréissel, 1985 Stellvertrieder vum Chef vum Auslandsressort zu Hamburg, 1989 Korrespondent zu Washington, a vun 1991 un, Chef vum Auslands- a Kulturressort.[3]

De Romain Leick huet sech 1975 mat der Colette Welter, enger Enkelin vum Nik Welter, bestuet[4]. D'Koppel krut véier Kanner.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Lothar Gorris, SPIEGEL-Redakteur Romain Leick: Die Kunst des Verschwindens - Nachruf. Der Spiegel (22.05.2025). Gekuckt den 23.05.2025.
  2. Romain Leick, 76. Der Spiegel Nr. 22 vum 24.5.2025, S. 117
  3. 1 2 3 4 (de) Walter Vibeke, Romain Leick, Luxemburger Ressortchef beim «Spiegel» Mal Pflicht, mal Kür.. Revue, nº 29 S. 14 (15.07.1998). Gekuckt den 23.05.2025.
  4. (fr) MARIAGES. Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 223, p. 9 (29.09.1975). Gekuckt den 23.05.2025.