Roman

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps bookcase.png Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Roman als literaresch Gattung. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Roman (Homonymie).

E Roman ass – poetologesch a vun haut aus definéiert – eng epesch Prosagattung, ofzegrenzen an dëser Definitioun vun der Novell an der Kuerzgeschicht als pointéiert Erzielformen, souwéi vum Epos a Versen, wat déi eeler Gattung a gebonnener Sprooch ass.

Historesch gesinn ass de Roman - nieft den dräi primären netschrëftleche Gattunge Lyrik (gesongen), Drama (gespillt) an Epik (rezitéiert) - déi éischt literaresch Gattung, déi schrëftlech an zu der Lecture virgesinn ass. D'Form vum Roman als eng besonnesch "modern" Form vum Erzielen ass méifach entstanen [1], wou d'Kultur vum Liese sech aus dem Geléiertestand an nei aristokratesch a biergerlech Schichten ausgebreet huet, a virun allem en neie weibleche Public erreecht huet.

An historescher Perspektiv loosse sech d'poeteologesch Definitiounscritèren déi haut gëllen, net oprecht erhalen : d'Wuert Roman selwer behaapt mat Recht en Ursprong vun der Gattung am Versepos a romanescher Sprooch vum 12. Joerhonnert. D'Gattung huet sech am 17. Joerhonnert op der anerer Säit duerch d'Gebitt vun der Novell an der spéiderer Kuerzgeschicht beweegt. Brisanz huet si am 17. an 18. Joerhonnert um Bichermaart duerch d'Muecht gewonnen, op d'mannst am Kader vun der jeeweileger Fiktioun, déi eege Gattungsgrenzen negéieren ze kënnen. Romaner hunn erfollegräich Autobiographien, Biographien, Reesberichter a mam Bréifroman Bréifsammlungen imitéiert. D'Optioun, Raum an der wierklecher Geschicht ze reklaméieren, huet am 19. an 20. Joerhonnert u Bedeitung verluer, wéi d'Literaturdiskussioun sech op eng Debatt vu fiktionale Wierker verengt huet. Romaner erschéngen haut als Folleg dovu meeschtens mam Wuert "Roman" am Ënnertitel; d'Kennzeechnung "Fiction" um Bicherdeckel ass dat equivalent Signal am Engleschen an um internationale Bichermaart.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Eberhard Lindhorst, Philipp von Zesen und der Roman der Spätantike. Ein Beitrag zu Theorie und Technik des barocken Romans, Göttingen, 1955.
  • Ian Watt, The Rise of the Novel. Studies in Defoe, Richardson, and Fielding, London, 1957.
  • Lennard J. Davis, Factual Fictions. The Origins of the English Novel, New York, 1983.
  • Michael McKeon, The Origins of the English Novel 1600-1740, Baltimore, 1987.
  • Niklas Holzberg, Der antike Roman. Eine Einführung, Düsseldorf, Zürich, 2001. (ISBN 3-538-07115-2)
  • Olaf Simons, Marteaus Europa oder Der Roman, bevor er Literatur wurde, Rodopi, Amsterdam, 2001. (ISBN 90-420-1226-9)
  • Rolf Vollmann, Die wunderbaren Falschmünzer. Ein Roman-Verführer 1800 bis 1930, btb verlag, 1999, (ISBN 3-442-72297-7)

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. An der Antikitéit, am europäeschen an ostasiatesche Mëttelalter an an der fréier Neizäit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps kword.svg Literatur – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Literatur.