Ronn Bréck (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Ronn Bréck
Vue vun der Westsäit aus
Informatiounen
Land Lëtzebuerg
Stad Esch-Uelzecht
Geographesch Lag 49° 29’ 47,4’’ N
      05° 59’ 20,3’’ O
Längt 92 m.
Breet 11,5 m.
Zweck Eisebunnsbréck
Baufirma Paul Wurth S.A.
Typ Boubréck
Material Stol
Baujoer 1926-1927
Ausserbetrib gaangen 1977
Kategorien

Brécken zu Lëtzebuerg Boubrécken Eisebunssbrécken

Déi sougenannt Ronn Bréck zu Esch-Uelzecht war eng stole Boubréck (Bowstring), déi 1926 vun der Firma Paul Wurth gebaut gouf, fir d'Schmelzen Arbed Schëffleng an Arbed Terres Rouges iwwer d'Schinn, déi sougenannt Gossstreck, mateneen ze verbannen. Si huet gläichzäiteg iwwer d'Zuchlinn Beetebuerg-Esch an d'Nationalstrooss 31 vun Esch op Keel/Rëmeleng ewechgefouert, a war dofir, well se relativ héich war, vu Wäitem gutt ze gesinn. Si war dann och eng Zort symbolesch Paart fir an de Quartier Neiduerf.

Zanter 1977 war se net méi am Betrib, a gouf och net méi an der Rei gehalen. 2011 gouf den Accès vum fréieren Arbed-Schëffleng-Wierk hier ofgerappt, sou datt se no Norden hin "an der Loft houng". Eventuell Pläng, se ze renovéieren a se fir eng Promenade tëscht dem Schlasspark an der Hiel z'integréieren, goufen aus Käschtegrënn verworf.[1] Zousätzlech zu den Zouganks- an Ënnerhaltskäschten hätt s'och nach misse méi héich gesat ginn, fir dass nei Generatiounen Zich, déi méi héich sinn, drënnergepasst hätten.

Am Abrëll 2017, iwwer den Ouschterweekend, ass s'ofgerappt ginn.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronn Bréck (1927-2017): aus dem Escher Neiduerf, Interesseveräin Esch-Neiduerf, 2018, 172 S., ISBN 978-9-9959-0434-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ronn Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ofgebrachent Enn op der Nordsäit

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Abschied von einem Wahrzeichen." tageblatt.lu, 18. Februar 2014 02:55; Akt: 18.02.2014 06:18.
  2. " 'Ronn Bréck' wird Ostern abgerissen." wort.lu, 7. Februar 2017 um 06:00.