Rosemarie Kieffer

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rosemarie Kieffer
Pseudonym M. Valserra
Gebuer 30. Dezember 1932
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Juli 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser

D'Rosemarie Kieffer, gebuer den 30. Dezember 1932 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 10. Juli 1994, war eng lëtzebuergesch Professesch am Stater Meedercheslycée an Autorin.

Vun 1974 bis 1992 war si Presidentin vum Centre culturel A.S. Pouchkine.

1966 gouf si d'Presidentin vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden an ass dat bis zu hirem Doud bliwwen.

Si huet Kuerzgeschichten a literaresch Etüden[Source?], awer och Artikelen a Bäiträg iwwer Literatur, Konscht a Philosophie verfaasst, déi ënner anerem am Tageblatt, Luxemburger Wort, Les Cahiers luxembourgeois, Arts et lettres, Revue luxembourgeoise de littérature générale et comparée, Les pages de la SELF, Estuaires, Récré, NEeuropa, Carrière a Lëtzebuerger Almanach publizéiert goufen.

Eng Rei Publikatiounen huet si ënner hire Pseudonymen M. Valserra, rk, R.K, oder och RMK erausginn.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Alchimie et toute-puissance - Essai sur l'esthétique littéraire de Léon Bopp ; Genf, 1959.
  • Un Chat à Galway (1965)
  • Les fleurs ont froid - Récits, scènes et images ; Lëtzebuerg (Éditions APESS, collection APESS Nr. 4), 1993. ISBN 2-87979-204-5

Als Editeur:

  • Littérature luxembourgeoise de langue française ; Sherbrooke/Québec (Éditions Naaman), 1980; 174 Säiten. ISBN 2-89040-145-6[1]
  • Pays clément dans la fureur des vagues. Les femmes écrivent au Luxembourg (1993)[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (Ënner der Leedung vun der Rosemarie Kieffer; 9 verschidden Auteuren)
  2. (Zesumme mat der Danièle Medernach-Merens)