Op den Inhalt sprangen

Erythrozyt

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Roude Bluttkierperchen)
Visualiséierung vu roude Bluttkierpercher an engem Bluttgefääss (op Franséisch).

Erythrozyten oder Erythrocyten, ëmgangssproochlech och rout Bluttkierpercher genannt, sinn d'Bluttzellen, déi am heefegsten am Kierper vun de Wierbeldéiere virkommen.

Hir Haaptfunktioun ass et de Sauerstoff ze transportéieren, mathëllef vum Transporteewäiss Hemoglobin. D'Erythrozyten huelen de Sauerstoff an der Long (oder bei de Fësch an de Kimen) op a ginn en un den Tissu of, wärend si duerch d'Bluttgefäässer vum Kierper fléissen.

Bei de Mamendéieren handelt et sech ëm Zellen ouni Zellkär; bei de Vullen, de Fësch, de Reptiller an den Amphibien hunn d'rout Bluttkierpercher dogéint en Zellkär.

 Commons: Erythrozyt – Biller, Videoen oder Audiodateien