Roum

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Roum
Land Italien
Koordinaten 41°53'35"N, 12°28'58"O
Fläch 1.287,36 km²
Awunner 2.748.109 (1. Januar 2023)
ISTAT 058091

Roum (Roma) ass d'Haaptstad vun Italien. Metaphoresch steet Roum och fir d'Réimescht Räich a fir d'Kathoulesch Kierch (Vatikan). Roum läit um Tiber.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Siidlungsspueren datéieren d'Wëssenschaftler zeréck op ëm 1000 virun eiser Zäitrechnung.
753 v. Christus ass no der Legend d'Grënnung vu Roum duerch de Romulus, deen der Stad och den Numm gëtt.

Roum haut[änneren | Quelltext änneren]

De Colosseum, e Symbol vu Roum

Roum zielt haut ëm déi 3 Milliounen Awunner, a mat der Agglomeratioun, zu der och de Vatikan zielt, kënnt een op eng Fläch vu ronn 1500 km2. Roum ass duerch Autobunnsnetzer mat anere groussen italieenesche Stied verbonnen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Spréchwierder iwwer Roum[änneren | Quelltext änneren]

  • All Weeër féieren op Roum.
  • Roum gouf net an engem Dag gebaut.

Literaturzitater iwwer Roum[änneren | Quelltext änneren]

  • Urbs aeterna (Déi éiweg Stad) Den Albius Tibullus ee vun de grousse Vertrieder vun der réimescher Elegiendichtung a sengem zweete Buch vun den Elegien. Duerno fënnt sech deen Ausdrock beim Ovid: Fasti III, 72
  • .. Léiwer hei deen Éischten, wéi zu Roum den Zweeten Am Plutarch Vu grousse Griichen a Réimer steet am "Cäsar 11" den Aussproch vum Julius Cäsar, wéi deen an den Alpen eng aarmeséilegt Uertschaft gesinn huet, a seng Begleeder gefrot hunn, ob se do och sou e Gestreits géiffen opféieren ëm d'Staatsplazen wéi zu Roum.
  • ..Eine Welt zwar bist du, o Rom; doch ohne die Liebe wäre die Welt nicht die Welt, wäre denn Rom auch nicht Rom. De Johann Wolfgang von Goethe a sengen Römische Elegien(I.)

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jansen, D. / Poeschel, S.: Rom. München, 1990.
  • Gregorovius, F.: Geschichte der Stadt Rom im Mittelalter vom V. bis XVI. Jahrhundert. München, 1988.
  • Neumeister, C.: Das antike Rom. - Ein literarischer Stadtführer. München, 1991.
  • Coarelli, F.: Rom. - Ein archäologischer Führer. Freiburg, 1989.
  • Titus Livius: Ab urbe condita. Roum, vu 27 v. Chr. un
  • Kolb, Frank: Rom - Geschichte der Stadt in der Antike. München 1995
  • Bombeck, Clemens: Auch sie haben Rom geprägt. An den Gräbern der Heiligen und Seligen in der Ewigen Stadt. Verlag Schnell & Steiner, Regensburg 2004

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roum – Biller, Videoen oder Audiodateien


Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.