Op den Inhalt sprangen

Rout Lëns

Vu Wikipedia
Rout Lëns
Schantje vum geplangte Quartier Rout Lëns zu Esch-Uelzecht am August 2025
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Geographie
Koordinaten 49°29'17,70"N, 5°58'26,44"O
Transport

D'Rout Lëns (Lentille Terres-Rouges) ass en urbanistesche Projet zu Esch-Uelzecht, op der Grenz mat Frankräich.

Op engem Deel vun der Industriebrooch vun der fréierer Brasseurs Schmelz, méi spéit Arbed Terres Rouges (dohier den Numm), déi 1977 zougemaach gouf, solle vun 2020 bis 2035, op 11 Hektar, Appartementer an Haiser mat am Ganze 1.420 Wunnenge fir 3.000 bis 3.500 Awunner, sou wéi ë. a. och eng Primärschoul, gréisstendeels vu privater Hand, gebaut ginn.[1]

Fënnef fréier Gebaier vun der Arbed - d'Gebléishal, d'Turbinnenhal, e Lagergebai TT genannt, Atelieren aus der Handwierkergaass a metalle Béi vun de sougenannte Keeseminne - ginn erhalen. Déi 5 Gebaier goufen den 23. Juli 2021 als national Monumenter klasséiert.[2] Déi aner ronn 10 Strukture goufen tëscht Februar 2020 an Enn 2020 vun Asbest befreit an ofgerappt. 150.000 Meterkibb Buedem goufen ewechgeholl.[1][3]

Am Masterplang, deen de 14. November 2020 virgestallt gouf, war virgesinn, fir zwéi 60 Meter héich Wunntierm (19 Stäck) ze bauen, sou wéi eng Rëtsch méi niddreg Wunnhaiser fir am Ganze ronn 3.000 Leit. Och Proximitéitsgeschäfter, eng Grondschoul, eng Sportshal, Studentewunnengen an e Seniorenheem si virgesinn. D'zentral Strooss ass d'Allée de la culture industrielle, déi déi erhalen Industriegebaier matenee verbënnt, an déi autofräi ass. An d'TT-Gebai vun 1880 kéint eng Mikrobrauerei kommen, oder och eng Maarthal. De Projet vun engem Sportsmusée an der fréierer Gebléishal, deen am Juni 2025 virgestallt gi war,[4] gouf am Dezember 2025 nees verworf, well et net sécher war, ob d'Prozeduren dozou all agehale goufen.[5]

Den 22. September 2023 gouf de Grondstee fir déi éischt Haiser geluecht.[6] D'Gemeng Esch-Uelzecht huet 321 Wunnengen opkaaft, fir déi, am Kader vum Pacte Logement 2.0, als bezuelbare Wunnraum kënnen unzebidden.[7] Weider investéiert d'Stad Esch 31,12 Milliounen an e Studentenheem mat 145 Zëmmeren a 57,43 Milliounen an eng Residenz mat 65 Wunnege fir eeler Leit a 45 anere Wunnengen. D'Studenteresidenz gouf vun den Architektebüroen La Commune, Atelier WOA a Vincent Lavergne entworf, d'Senioreresdenz vu Jim Clemes Architectes. D'Aarbechte fir déi zwee solle Mëtt 2026 lassgoen.[8] Och eng nei Schoul, verbonne mat enger Maison relais, gëtt ëm déi selwecht Zäit vun der Escher Gemeng am Agank vum Quartier baue gelooss.

De Quartier ass vun 3 Säite mam Auto z'erreechen, dee soll dann awer an ënnerierdesche Parkingen ofgestallt ginn. D'Zuchlinn Esch-Däitsch-Oth, déi laanscht d'Areal féiert, soll zougemaach a mat engem Bus à haut niveau de service (BHNS) ersat ginn, deen, iwwer d'Escher Gare, an den neie Quartier Metzeschmelz fuere soll, wou en Uschloss un de séieren Tram an d'Stad kréie soll. De Quartier kritt och Uschloss un d'national Vëlospist 8.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 "Um fréiere Site vun der Arbed entsteet een neie Quartier." rtl.lu, 3. Februar 2020.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
  3. Nicolas Anen: "Esch: Masterplan für Lentille Terres Rouges fertiggestellt." wort.lu, 14.11.2020.
  4. Nicolas Martin: Un musée des Sports va ouvrir au Luxembourg." lessentiel.lu, 05.06.2025.
  5. Michèle Sinner: "Minister Georges Mischo zitt Projet zeréck." rtl.lu, 05.12.2025.
  6. Mike Stebens: "Rout Lëns: 2026 ziehen die ersten Bewohner ein." wort.lu [w+], 23.09.2023.
  7. "La Ville d’Esch acquière 321 logements abordables du futur quartier Rout Lëns." Communiqué op esch.lu, 11.10.2022.
  8. Luc Ewen: "Esch investit 100 millions d’euros dans le projet Rout Lëns, mais la géothermie pose toujours question." virgule.lu, 14.07.2025.