routwäissgro

Vu Wikipedia

routwäissgro ass eng Serie vun am Ganzen 72 Dokumentarfilmer, déi vum Kollektiv 13 entwéckelt gouf, an déi tëscht dem 1. Mäerz 2015 an dem 29. Juni 2020 op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf. All Episod dauert 26 Minutten a weist - onkommentéiert - den Alldag vun ënnerschiddlechste Persounen an hirem jeeweilege sozialen Ëmfeld.

De Projet routwäissgro gouf an enger éischter Phas mat engem Budget vun 880.000 Euro dotéiert, deen zu gläichen Deeler vum Lëtzebuerger Film Fund a vun RTL Télé Lëtzebuerg gedroe gouf.

Ufanks ware 24 Episode virgesinn. Vum Hierscht 2016 bis Summer 2018 u koum eng zweet Saison mat 24 neier derbäi, a vum Hierscht 2018 bis Juni 2020 eng drëtt Saison mat nach eng Kéier 24 neien Episoden[1].

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

1. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Episoden: Saison 1 Regisseur Éischt Ausstralung
01 De Jupp oder déi wonnerprächteg
Liichtegkeet vum Liewen
Claude Lahr 1. Mäerz 2015
02 Eng klassesch Erzéiung Yann Tonnar 1. Mäerz 2015
03 Den Ebrima am Pescatore Catherine Richard 29. Mäerz 2015
04 Wantermäerchen Jean-Louis Schuller 29. Mäerz 2015
05 Wat ma mer lo? Max Jacoby 26. Abrëll 2015
06 D'Chantal Kim Schneider 26. Abrëll 2015
07 Den Hondsmeeschter Thierry Besseling a Loïc Tanson 31. Mee 2015
08 Friem Kierper Jacques Molitor 31. Mee 2015
09 Verwëschte Grenzen Laura Schroeder 28. Juni 2015
10 Këmmer dech ëm däin Dreck Julie Schroell 28. Juni 2015
11 Ni ze spèit Anne Schiltz 11. Oktober 2015
12 Endlech Vakanz Yann Tonnar 11. Oktober 2015
13 An engem anere Land Eric Lamhène 8. November2015
14 D'Kierch am Duerf Jean-Louis Schuller 8. November 2015
15 Den Dram vun der Kinnigin Kim Schneider 13. Dezember 2015
16 De Som vum Liewen Jacques Molitor 13. Dezember 2015
17 Bauer sinn Ayshea Halliwell 17. Januar 2016
18 Wou deet et wéi? Govinda Van Maele 17. Januar 2016
19 Am Numm vum Papp? Rui Abreu 20. Mäerz 2016
20 Vënz, de Prënz Thierry Besseling a Loïc Tanson 20. Mäerz 2016
21 Manner Tom Alesch 24. Abrëll 2016
22 Eng staark Equipe Eric Lamhène 24. Abrëll 2016
23 Eng Familljesaach Rui Eduardo Abreu 22. Mee 2016
24 No der Schoul Michel Tereba 22. Mee 2016

2. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Episoden: Saison 2 Regisseur Éischt Ausstralung
01 De Presi Eric Lamhène 9. Oktober 2016
02 D'Liewen ass schéin Kim Schneider 9. Oktober 2016
03 Den Dram vum groussen Duerchbroch Michel Tereba 6. November 2016
04 Meng Heemecht Jacques Molitor 6. November 2016
05 Wat ee sech net alles undeet Christian Neuman 11. Dezember 2016
06 De Marathon vum Glawen Geneviève Mersch 11. Dezember 2016
07 En oppent Ouer Thierry Besseling a Loïc Tanson 15. Januar 2017
08 Ech wëll bleiwen wien ech sinn Catherine Richard 15. Januar 2017
09 Di richteg Carrière? Michel Tereba 19. Mäerz 2017
10 Doheem Linda Blaschette 19. Mäerz 2017
11 Eng Saach vun Zäit Anne Schiltz 23. Abrëll 2017
12 Maka Eric Lamhène 23. Abrëll 2017
13 De Benni um Bass Kim Schneider 21. Mee 2017
14 De roude Fuedem Charlotte Bruneau 21. Mee 2017
15 Vanda Guig Jost 25. Juni 2017
16 Orquidea Sandy Lorente 25. Juni 2017
17 Classe d'accueil Yann Tonnar 15. Oktober 2017
18 Wat iwreg bleift Serge Wolfsperger 5. November 2017
19 //@hack.lu Tom Alesch 10. Dezember 2017
20 Et wor emol Rui Eduardo Abreu 18. Februar 2018
21 "#allez_lifty Christian Neuman Mäerz 2018
22 De Bela an d'Tuesday Night League Claude Lahr Abrëll 2018
23 Et weess een ni Rui Eduardo Abreu 13. Mee 2018
24 Solidaritéit ass e grousst Wuert Karolina Markiewicz & Pascal Piron 18. Nov. 2018

3. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Episoden: Saison 3 Regisseur Éischt Ausstralung
01 New York, New York Loïc Tanson 17. Juni 2018
02 Histoire d'O Jacques Molitor
03 E Gefill fir Roboter Charlotte Bruneau
04 Alles ass Energie Michel Tereba
05 Off air Loïc Tanson 9. Dez. 2018
06 Jacques Kim Schneider 13. Jan. 2019
07 Brain is cool Laura Schroeder 3. Feb. 2019
08 Carmen Hertz Guig Jost 25. Februar 2019
09 D'Meedche mat den Déieren Catherine Richard 17. Mäerz 2019
10 Mère Courage Anne Schiltz II 28. Abrëll 2019
11 Ad vitam aeternam Frank Grotz Mee 2019
12 Schwësteren Eric Lamhène 9. Juni 2019
13 D'Summervakanz Max Jacoby 22. Sept. 2019
14 Zesummespill Yann Tonnar 12. Okt. 2019
15 Schrëtt fir Schrëtt Claude Lahr 3. Nov. 2019
16 Keng Prinzessinnen Rui Eduardo Abreu 24. Nov. 2019
17 “De Paul bleift de Paul” Tom Alesch 15. Dez. 2019
18 Endlech nees Liewen! Michel Tereba 12. Jan. 2020
19 Verluer an der Zäit Rui Euardo Abreu 2. Feb. 2020
20 "Allez Gatti" Linda Blaschette 1. Mäerz 2020
21 De gliesene Mann Thierry Besseling 22. Mäerz 2020
22 LeoLisa Govinda Van Maele 26. Abrëll 2020
23 Den amerikaneschen Dram Kim Schneider Mee 2020
24 Randschelt goes Reeperbahn Charlotte Bruneau 28. Juni 2020

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tessie Jakobs: "Routwäissgro - Spuren der Herstellung." In: forum 371, Mäerz 2017, S.42-44.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nei RTL-Sitcom mam Tommy Schlesser an Hana Sofia Lopes." rtl.lu, 10.10.2017, 15:34:51.