Rubel

Vu Wikipedia
100.000 wäissrussesch Rubelen aus dem Joer 2000
Ee russesche Rubel

De Rubel (Russesch a Wäissrussesch: рубль) ass den Numm vun den nationale Wärungen a verschiddenen osteuropäesche Länner. Aktuell gëtt et de Russesche Rubel (a Russland), de Wäissrussesche Rubel (a Wäissrussland) an och den Transnistresche Rubel (an "Transnistrien").

An der Vergaangenheet gouf de Rubel och am Russesche Räich, an der Sowjetunioun an an Tadjikistan benotzt.

Ee Rubel ass an 100 Kopeken (ru: копейка/kopeika) ënnerdeelt.