Rue Astrid

Vu Wikipedia
Rue Astrid
Numm fr: Rue Astrid
Längt ca 380 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode L-1143[1]
Koordinaten 49° 36’ 32.1’’ N
      06° 06’ 29.8’’ O
Genannt no Astrid vu Schweden

D'Rue Astrid ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg um Belair. Si verbënnt d'Place de France mat der Rue Arthur-Herchen. Hiren Tracé féiert an nordëstlecher Richtung iwwer d'Place de Gand an d'Place de Liège.

D'Strooss gouf no der Astrid vu Schweden genannt, déi 1935 zu Küssnacht an der Schwäiz bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum. Si war d'Fra vum belsche Kinnek Leopold III. an d'Mamm vun ë. a. der Joséphine Charlotte, der Fra vum Groussherzog Jean.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Astrid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Postcode um Géoportail