Rue Laurent-Menager

Vu Wikipedia
Rue Laurent Menager
Numm lb: Ieweschtgaass,
Pafendaller Wee,
Eecher Gaass
fr: Rue Laurent Menager
Fréieren Numm fr: Porte d'Eich (bis 1925)[1]
Längt ca. 1.270 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2143
Koordinaten 49° 37’ 11.7’’ N
      06° 07’ 53.1’’ O
Genannt no Laurent Menager

D'Rue Laurent Menager am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg féiert als Verlängerung vum Pafendaller Bierg laanscht de Schreinescheck, duerch d'Eecher Paart, ënnert der Rouder Bréck erduerch a laanscht de Pafendaller Foussballsterrain bis bei den Eecher Bierg.

D'Strooss krut den Numm vum Laurent Menager (1835 - 1902), engem lëtzebuergesche Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist deen am Pafendall gebuer gouf.

Den éischten Deel vun der Strooss, vum Pafendaller Bierg bis bei d'Bréckergaass gëtt och nach Ieweschtgaass oder Pafendaller Wee[2] genannt, offiziell housch deen Deel Eicherpfortstraße[3]. Vun der Bréckergaaass un a Richtung Norden heescht d'Strooss am Volleksmond Eecher Gaass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Laurent-Menager – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Evy Friedrich, 1987. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 24: 25
  3. Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 14. Oktober 1942, S. 3
  4. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015