Rue le Bataclan

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rue Le-Bataclan)
Rue le Bataclan
Längt ca. 130 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Esch Uelzecht
Uertschaft Bieles
Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Postcode L - 4374
Koordinaten 49° 30’ 07.8’’ N
      05° 56’ 32.2’’ O
Genannt no Bataclan

D'Rue le Bataclan ass eng Strooss um Belval op der Square Mile, op der Grenz vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem. Se leeft vun der Avenue du Swing an nord-nordëstlecher Richtung bis op d'Intersektioun mam Boulevard du Jazz.

Den Numm ass en Hommage un d'Affer vun der terroristescher Attack op de Concertssall Bataclan, am November 2015 zu Paräis.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.

D'Grenz tëscht de Gemengen Esch a Suessem geet, nodeems se 2018 geriicht gouf, de laange Wee duerch d'Strooss (no Norde gekuckt, tëscht der Fuerbunn an dem rietsen Trottoir). Den Numm vun der Strooss huet zu Onstëmmegkeeten tëscht de Gemengen Esch a Suessem gefouert: 2009 hat déi Suessemer Gemeng der Strooss dräi verschidden Odonymme ginn: Rue Louis Armstrong fir de südlechen, Rue Jane Addams fir de mëttleren a Rue Gustave Eiffel fir den nërdlechen Deel. Am Juni 2016 huet den Escher Gemengerot decidéiert, d'Strooss op hirer ganzer Längt "Rue Le-Bataclan" ze nennen, woumat Suessem net d'accord war.[1].

Schlussendlech ass ee sech awer eens ginn, just dat ënnescht Stéck ëmzenennen; dat mëttelst an dat iewescht behalen den Numm, dee s'am Ufank kritt haten.[2]

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Le Bataclan (Esch-Uelzecht) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Rue Le Bataclan (Suessem) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Anen, N. Straßenstreit in Belval am Luxemburger Wort vum 16. Februar 2017, S. 27
  2. "Belval: Gemeindestreit um Straßennamen geschlichtet." wort.lu, 25.01.2018.