Rue Munster

Vu Wikipedia
Rue Munster
Numm lb: Mënstergaass
fr: Rue Munster
Fréieren Numm de: Hospizstraße
Längt ca. 210 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn
Postcode 2160
Koordinaten 49° 36’ 34.3’’ N
      06° 08’ 08.6’’ O

D'Rue Munster (am Lëtzebuerger Sproochgebrauch: Mënstergaass) ass eng Strooss am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.

Si huet hiren Ufank Op der Schmëdd, leeft iwwer d'Grënnesch Uelzechtbréck, dréint dann a Richtung Norden a féiert weider bis bei den Agank vun Neimënster.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gaass, déi bei dat aalt Klouschter gefouert huet, huet am 14. a 15. Joerhonnert Schelmergasse geheescht, als Uspillung dorop, datt den Henker hei gewunnt huet.[Source?] „Schelmer“ kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen an housch esouvill wéi doudege Kierper[1]. Am 17. an 18. Joerhonnert war et d'Henkeschgaass (nach ëmmer als Uspillung op den Henker) an duerno d'Hospizstraße mat Referenz op den Hospiz am Gebai, an deem méi spéit de Fraeprisong dra war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hospice Saint-Jean.

Den Odonym Rue Munster deen d'Strooss duerno krut, ass zeréckzeféieren op d'Benediktinerabtei Neimënster déi an der Mëtt vum 16. Joerhonnert do gegrënnt gouf.

Um Enn vum 18. Joerhonnert huet de Bäcker Adam Bastien am Haus 16 gewunnt. Wéi d'Abtei Neimënster 1796 vun de franséische Revolutionäre sekulariséiert gouf, huet hien dem Jang de Blannen seng Schanken an enger Grott hannert sengem Haus verstoppt, ier se méi spéit op Mettlach transportéiert goufen.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Munster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Schelm am „Deutsches Wörterbuch von Jacob Grimm und Wilhelm Grimm“
  2. Cf. Hanck 1942 an der Literatur.