Rue Samuel-Beckett
Ausgesinn
| Längt | ca. 130 m |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Suessem |
| Uertschaft | Bieles |
| Quartier | Belval |
| Postcode | L - 4371 |
| Koordinaten |
49° 30’ 18.7’’ N 05° 56’ 37.9’’ O |
|
| |
D'Rue Samuel-Beckett ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem. Se fänkt un op der Kräizung mam Boulevard des Lumières an der Verlängerung vun der Rue John-Lennon a geet dann eng 130 Meter Richtung Nord-Nordost, wou s'an enger Sakgaass ophält.
Den Numm erënnert un den iresche Schrëftsteller Samuel Beckett.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.
