Rue de Neufchâteau

Vu Wikipedia
Rue de Neufchâteau
A Richtung vun der Diddenuewener Strooss gekuckt
Offiziellen Numm Rue de Neufchâteau
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Deel vun CR224
Postcode 2223
Koordinaten 49°35'24,50"N, 6°8'23,75"O
Morphologie
Längt 155 m
Héicht i. M. 289 m
Geschicht
Genannt 15. Abrëll 1954
Genannt no Neufchâteau

D'Rue de Neufchâteau ass eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss leeft rechtwénkeleg vun der Diddenuewener Strooss a Richtung Westen a stéisst hannert der Place de Durbuy op d'Rue d'Orchimont. Um Wupp vun der Strooss gouf am September 2022 d'Tramsstatioun Lycée Bouneweg an eng Gare fir AVL- an RGTR-Busse a Betrib geholl.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss krut hiren Numm de 15. Abrëll 1954[1] an ass no der belscher Stad Neufchâteau an der Provënz Lëtzebuerg genannt, déi tëscht 1354 a 1795 zum Herzogtum Lëtzebuerg an duerno, vu 1795 bis 1815, zum Département des Forêts gehéiert huet. Duerch den Traité vu London gehéiert Neufchâteau zanter 1839 zur Belsch.

De 15. Dezember 2021 gouf aus der Gemengestrooss e Chemin repris (CR224)[2].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue de Neufchâteau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ville de Luxembourg, Dénomination des rues - Rue de Neufchâteau. www.archives-vdl.findbuch.net (15.04.1954). Gekuckt de(n) 15.03.2022.
  2. Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. - Legilux. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 15.03.2022.