Rue de la Congrégation

Vu Wikipedia
Rue de la Congrégation
Lëtzeb. Numm Jofferegässel,
Joffergässel,
Jufferngässel
Ënnerhal vu(n) Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1352
Koordinaten 49°36'33,48"N, 6°7'56,89"O
Morphologie
Längt 130 m
Héicht i. M. 299 m
Geschicht

D'Rue de la Congrégation, op lëtzebuergesch Joffer(e)gässel oder Jufferngässel genannt, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Schoulbierg a süd-westlecher Richtung bis op de Boulevard Roosevelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm deen haut nach gebräichlech ass, Jufferngässel, fënnt een an den eelsten Dokumenter vun der Stad erëm. Déi Gaass louch héchstwarscheinlech an der direkter Ëmgéigend vum Klouschter dat 1627 vun de Klarissinnen-Schwëstere vun der Congrégation Notre-Dame vu Metz do gegrënnt gi war.

Den offiziellen Numm „Rue de la Congrégation” vun der aktueller Strooss geet op dat genannt Klouschter zeréck, dat un déi haiteg Dräifaltegkeetskierch ugebaut war an zu deem och eng Primaire-Schoul fir Meedercher gehéiert huet. An de 1730er Joren hat den Uerden eng Kierch gebaut (déi haiteg Dräifaltegkeetskierch), mat enger Schoul direkt dernieft. An deem Schoulgebai war tëscht 1830 an 1838 d'Stadverwaltung ënnerbruecht.

D'Kongregatiounsschwësteren hu fir d'éischt (bis 1810) an engem Gebai gewunnt, dat e Refuge vun de Zisterzienserschwëstere vun Déifferdeng war, duerno an engem Gebai, dat virdrun e Refuge vun der Abtei Almënster war[1].

D'Strooss housch uganks Rue de la Trinité (bis 1798), duerno Rue de la Fraternité (1798 bis 1807). Den haitegen Numm huet se zanter dem 21. November 1807, mat Ausnam vun der Nazizäit, an där se a Jufferngässel ëmgedeeft gouf, en Numm deen haut nach geleefeg ass[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue de la Congrégation – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: Josef Hanck um Spaweck
  2. Rue de la Congrégation op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 30. Mäerz 2020