Rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg)
Numm |
lb: Kréimerhausgaass fr: Rue de la Loge |
---|---|
Bemierkung | um Enn just 1,3 m breet |
Längt | ca. 70 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 1945 |
Koordinaten |
49° 36’ 39.2’’ N 06° 08’ 02.5’’ O |
D'rue de la Loge ass eng kleng Gässel an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Fëschmaart an der Waassergaass. E Passage, an deem haut en ettlech Restauranten ze fanne sinn, féiert och dohin.
Hiren Numm huet se vun der Fräimaurerloge, déi do op der haiteger Nummer 5 hire Sëtz huet. Virdrun housch se bal 500 Joer laang, vun 1358 bis 1854, Kréimerhausgaass, nom Zonfthaus vun de Kréimer, dat op där Plaz stoung.[1]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 5, rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg).
D'Haus op Nummer 1 gëtt haut Konschthaus beim Engel genannt an ass ë. a. de Sëtz vun enger ganzer Rëtsch vu kulturellen Associatiounen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Konschthaus Beim Engel.
D'Haus Nummer 2 dréit zanter Joerhonnerten den Numm Ënnert de Stäiler an ass eent vun den eelsten erhalenen Haiser an der Stad.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ënnert de Stäiler.
D'Haiser op den Nummeren 5, 7, 9, 4, 6, 8-8b, an den Haff vum Îlot gastronomique stinn zanter 1961 op der Lëscht vum Zousazinventaire (Inventaire supplémentaire) vun de klasséierte Monumenter.[2]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Nr. 1, Beim Engel
-
Nr. 2, Ënnert de Stäiler
-
Nr. 4 a 6
-
Nr. 5, d'Fräimaurerloge
-
Nr. 8
-
Haff vum Îlot gastronomique
-
Nr. 7 an 9
-
D'Rue de la Loge vun der Waassergaass aus gesinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]D'Rue de la Loge an Ons Stad N° 20
Commons: Rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Simone Beck: "Von den Krämern zu den Freimaurern." In: ons stad Nr. 23/1986, S. 12-13; hei: S.12.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).