Rue de la Toison-d'Or

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de la Toison-d'Or an der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Stroossen, déi esou oder änlech heeschen, kuckt wgl. Rue de la Toison-d'Or (Homonymie).
Rue de la Toison-d'Or
Numm fr: Rue de la Toison-d'Or
Längt ca. 250 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Hollerech
Postcode 2265
Koordinaten 49° 36’ 13.7’’ N
      06° 06’ 48.2’’ O
De südlechen Deel vun der Rue de la Toison-d'Or.
Den ieweschten Deel vun der Rue de la Toison-d'Or. Lénks d'Amerikanesch Eeche vum Parking, hannendrun den Hondsterrain. De Märeler Park ass hannen an der Mëtt vum Bild ze gesinn.

D'Rue de la Toison-d'Or ass eng Strooss am Quartier Hollerech an der Stad Lëtzebuerg. Si zitt sech vun der Kräizung mat der Rue Raymond-Poincaré an nordwestlecher Richtung liicht biergop bis bei de Märeler Park, wou s'op d'Rue de Bragance stéisst. D'Haiser sinn an déi Direktioun numeréiert.

D'Strooss ass nom Gëllene Vlis (fr.: Toison d'or) vum Widder Chrysomallos aus der griichescher Mythologie genannt. Datt d'Strooss en Deel vun der fréierer Rue de l'Abattoir ass, wier eng méiglech Erklärung firwat se no der Woll vun engem Schluechtdéier genannt gouf.[1] Enger anerer Interpretatioun no kéim den Numm vum Uerde vum Gëllene Vlis, dee 1430 vum Philippe de Gudden, Herzog vun der Bourgogne geschaf gouf.[2]

Ongeféier an der Mëtt laanscht d'Strooss läit e Parking fir d'Personal vun de Schoule vum Campus Geesseknäppchen, deen an den 1990er Joren ugeluecht gouf (Entrée vum Parking an der Rue Marie-Adélaïde). Op dësem Parking sti 54 Amerikanesch Eechen déi (2015) ronn 30 Joer al sinn.

Nërdlech vum Parking ass lénks laanscht d'Strooss en Hondsterrain op deem Eschen a Biergahorne stinn.

Tëschent hiren zwee Enner kräizt Rue de la Toison-d'Or sech, vu Süden no Norden, mat:

Op der Héicht vun der Rue de Vianden, tëscht dem Parking an dem Hondsterrain ass e Foussgängerwee deen d'Rue de la Toison-d'Or mam Boulevard Pierre-Dupong verbënnt.

Wéi d'Strooss hiren Numm krut[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. Juni 1954 huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg deen Deel vun der Rue de l'Abattoir deen tëscht der Rue Raymond-Poincaré an der Rue de Vianden läit a Rue de la Toison-d'Or ëmbenannt. De 17. September 1958 gouf decidéiert d'Rue de la Toison-d'Or op d'Stéck tëschent der Rue de Vianden an der Rue de Bragance auszedeenen.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue de la Toison-d'Or (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Eug. Ram., 1983. Erinnerungen eines (halben) Hollerichers. ons stad 1983, Nr. 14, S-7-9.[1]
  2. Beck, F., 2007. Was bedeuten die Straẞennamen der Stadt Luxemburg? Ons stad 86, S. 51.
  3. Beck, F., 2007. Was bedeuten die Straẞennamen der Stadt Luxemburg? Ons stad 86, S. 51.