Rue des Capucins (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue des Capucins
Lëtzeb. Numm Kapuzinergaass,
Kuelegaass
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1313
Koordinaten 49°36'44,50"N, 6°7'46,85"O
Morphologie
Längt 230 m
Héicht i. M. 307 m
Geschicht
Genannt 16. Mee 1925

D'Rue des Capucins (op lëtzebuergesch „Kapuzinergaass“) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se leeft vun der Lantergässel op der Plëss aus a Richtung Norden, iwwer d'Groussgaass an d'Beaumontsgaass ewech bis bei d'Biederplaz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kapuzinergaass[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss ass, wéi och den haitege Kapuzinertheater, nom fréiere Klouschter vun de Kapuziner benannt, dat bis 1795 do bestanen huet.

Wärend der franséischer Herrschaft, vum 15. September 1798 bis den 21. September 1807 housch d'Strooss Rue du Soleil.

Kuelegaass[änneren | Quelltext änneren]

De südlechen Deel vun der Strooss, tëscht der Groussgaass an der Plëss huet iwwert e puer Joerhonnerte Kuelegaass[1] geheescht, en Numm dee schonn an engem Dokument aus dem Joer 1517 ze fannen ass. Deen Numm koum vum Kuelemaart, dee bis 1871 do ofgehale gouf.

Duerch d'Decisioun vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925 gouf d'Strooss vu Rue des Charbons op Rue des Capucins ëmgedeeft.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

wou net anescht uginn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Rue des Capucins an Ons Stad N° 4

Commons: Rue des Capucins (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. oder (fr) Rue des Charbons / (de) Kohlengasse