Rue des Glacis (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue des Glacis
Numm fr: Rue des Glacis
Fréieren Numm fr: Ancien chemin d'Eich (bis 1925)[1]
de: Crispinusberg,
Crispinusfels,
Michel Pintz Wall
Deel vun
Nationalstrooss 52
Längt ca. 1.050 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 1628
Koordinaten 49° 37’ 14.3’’ N
      06° 07’ 36.5’’ O
Genannt no Glacis


D'Rue des Glacis. Riets de Fiels mat der Plack mam Chronogramm. Riets iwwer der Plack, an der Mauer: d'Relieffer um Fiels.
D'Plack mam Chronogramm.
Relieffer um Fiels.

D'Rue des Glacis ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Rond-point Schuman an dem Eecher Bierg (Côte d'Eich). Kuriéiserweis ass de Stroosseverlaf awer net duerchgängeg: den Deel tëscht der Avenue Victor-Hugo an der Avenue du Bois gehéiert vun ongeféier 2002 un, wéi d'Insel déi déi zwou Stroosse vunenee getrennt huet, ewechgerappt gouf an d'Entrée vum Boulevard Emmanuel-Servais nei amenagéiert gouf, zur Allée Scheffer[2].

D'Rue des Glacis, déi 1850 gebaut gouf, ass en Deel vun der Nationalstrooss 52 (N52).

Se geet vun enger Héicht uewen um Lampertsbierg vun 314 m aus bis op eng Héicht vun 277,5 m do wou se am Eecher Bierg erauskënnt, wat eng Héichtendifferenz vu 36,5 m ass.

An hirem ënneschten Deel mécht d'Strooss eng Kéier ëm 180°. Just iwwer der Kéier steet um Fiels en aachteckege Belvédère dee fréier zum Park vum Haus Bellevue gehéiert huet[3]. Um selwechte Fiels, eng 50 m iwwer der Kéier, ass eng Plack mat engem laténgeschen Text a Form vun engem Chronogramm ze gesinn, deen d'Joreszuel 1850 ergëtt.

Iwwersetzung: Et soll eng Strooss mat Kraaft gebaut ginn, Hiwwele gitt op d'Säit, Däller hieft iech an d'Luucht, fir datt de Reesenden d'Héichte liicht iwwerwanne kann.

An der Mauer iwwer dem Fiels, riets iwwer der Plack mam Chronogramm ass e Stéck Fiels fräigeloos, op dem Relieffer ze gesi sinn.

An der rue des Glacis stinn zwéin Haiser, d'Nummeren 18 an 20, déi an der Lëscht vun den nationale Monumenter agedroe sinn.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Strooss "ëmgedäitscht" a se gouf Michel Pintz Wall genannt[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue des Glacis (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. op topographie.lu, dem Système d'Information Urbain vun der Stad Lëtzebuerg
  3. D'Gaardenhaus Bellevue gouf vum Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine (1743-1809) baue gelooss a spéider vu senge Nokomme schlassaarteg ausgebaut. Referenz: Marc Schoellen, 2015. Der Garten und das Sommerhaus "Bellevue" auf dem Limpertsberg. nos cahiers 2015 3/4: 311-328.
  4. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.